Déi Demande ass net konform mat den europäeschen Traitéen, well eleng d’Memberlänner dofir zoustänneg sinn ze definéieren, wéi eng Sproochen an enger EU-Institutioun geschwat dierfe ginn. Zu deem Schluss koum de President vun där Kommissioun, de Sven Simon. Hien huet domat dem Avis vum Service juridique vum Parlament widdersprach, dee virdrun d’Ufro vum Fernand Kartheiser net komplett verworf hat. Dat erkläert den CDU-Politiker op eis Nofro hin.
"Ich bin in Deutschland ordentlicher Professor für Völkerrecht, Europarecht und Öffentliches Recht und habe mir deshalb eine eigene Rechtsüberzeugung gebildet, die ich meinem Ausschuss vorgetragen habe und die Berichterstatter, also die Koordinatoren, sind dieser Rechtsauffassung mehrheitlich gefolgt."
Lëtzebuergesch gehéiert net zu de 24 offiziellen EU-Sproochen. Dat nämmlecht gëllt fir Katalanesch, Baskesch oder Galizesch. Spuenien huet eng Demande gemaach, fir déi 3 Sproochen als EU-Sproochen unzeerkennen.
Demande vum Fernand Kartheiser wuel vum Dësch
Op d’Fro, ob an där Debatt iwwer d’Demande vum Lëtzebuerger ADR-Politiker och d’Angscht eng Roll gespillt huet, ee Präzedenzfall ze schafen an domat d’Dier opzemaache fir Demandë fir aner Sproochen am Parlament ze schwätzen, sot de Sven Simon:
"Nein, der Verfassungsausschuss ist ausschließlich mit der Frage befasst worden, ob grundsätzlich im Plenum auch Luxemburgisch gesprochen werden darf. Diese Frage habe ich juristisch bewertet, nicht politisch. Anders ausgedrückt geht es um die grundsätzliche Frage, ob das Europäische Parlament auch andere Sprachen als die Amtssprachen der Europäischen Union zulassen darf und das ist nach meiner Rechtsauffassung nicht der Fall."
Schléisst sech an der Reunioun vun haut nach eng Kéier d’Majoritéit sengem Avis un, dann ass d’Demande vum Fernand Kartheiser wuel vum Dësch, esou de President vun der Kommissioun fir konstitutionell Froen.
"Ja, zumindest ist die Angelegenheit für den Verfassungsausschuss dann abgeschlossen. Und solange der Verfassungsausschuss keine Änderung der Geschäftsordnung beschließt, ist die Sache vom Tisch."
Am Europaparlament wäert viraussichtlech um Mëttwochmoien tranchéiert ginn.