Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Streik vun den Hesper Fussballer: "Bei engem normale Patron géif dat absolut net goen"

Reaktiounen op

Streik vun den Hesper Fussballer: "Bei engem normale Patron géif dat absolut net goen"

Nom Streik vun den Hesper Spiller e Sonndeg schwätzt d’Presidentin vun der Fussball-Liga LFL, d'Karine Reuter, vun engem schwaarzen Dag fir de Fussball, dee kengem eppes bruecht hätt. D’Ekipp vun Hesper war virun 3 Deeg net fir hire Championnatsmatch géint Munneref ugetrueden, well d’Spiller schonn eng Zäit keng Pai méi kruten.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

© Welsal80/Wikimedia Commons play_arrow
Foto: Welsal80/Wikimedia Commons

Fir d’Karine Reuter gëtt et hei zwou Säite vun der Medail. Engersäits hätte Spiller méintlaang hir Pai net kritt.

“Ech mengen, bei engem normale Patron géif dat jo absolut net goen, an ech gesinn elo net an, firwat dass e Fussballsclub fundamental eppes anescht wier wéi een normale Patron.”

Anerersäits géif et juristesch Reegele fir sou Situatioune ginn, sou d’Notär vu Beruff.

“Ech mengen, all Spiller hätt kënnen e Référé Droit du travail maachen, wou de Club condamnéiert gi wier, fir him déi Salairen ze bezuelen.”

E Streik wier net déi richteg Aart a Weis fir virzegoen, erkläert d’LFL-Presidentin. Virun deem Hannergrond huet d’Fussball-Liga e Méinden och decidéiert, datt kee Spiller vun Hesper an der Wanterpaus bei een anere Veräi vum héchsten Niveau wiesselen dierft.

"Elo ass de Moment fir ze reagéieren"

De Marc Theisen, President vun der Escher Jeunesse, betount, datt d’Streikrecht iwwerall reglementéiert wier, ausser am Sport.

“Ech mengen, do muss een einfach op allgemeng Prinzippien eriwwergoen.”

Och den Affekot vu Beruff verweist op e Référé Droit du travail, ouni “d’Krichsbeil erauszehuelen”.

An den Ae vun der Liga-Presidentin mussen an Zukunft Sanktioune gesprach gi géint Clibb, déi d’Reegelen net anhalen. D’LFL géif zäitno mat der FLF doriwwer diskutéieren.

“Ech sinn iwwerzeegt, dass an deenen nächste Wochen en Avancement an deem Dossier kënnt.”

Dem Marc Theisen no ass d’Theema Sanktiounen net nei, an et wier elo de Moment fir ze agéieren. Fir de Jeunesse-President misste Liga a Federatioun zesummen deontologesch Reegelen opstellen, mat engem Mindestmooss un Ufuerderungen un d’Clibb.

Um Enn ass, an den Ae vum Marc Theisen, e Mäzeen, deen e Club vu baussen ënnerstëtzt, zwar schéin a gutt, mee ...:

“... wann dat net iergendwéi vertraglech ofgeséchert ass, kann hien natierlech och vun deem engen op den aneren Dag soen: Ech maachen dat do net méi.”

Sponseren an e gudden Ënnerbau wieren essenziell, fir datt e Club net a Gefor kënnt, sot de President vum nationale Rekordmeeschter nach.

FLF-President hofft op ee Schock

An och den FLF-President Paul Philipp mécht eng Differenz tëscht Sponsor a Mäzeen.

“Ech mengen, et soll een déi Bréidercher baken, fir déi een den Uewen huet. Et soll een dat maachen, firwat een d’Moyenen huet. An et ass ganz, ganz kloer, dass dat absolut keen Drama ass, wann ee muss méi kleng Bréidercher baken. Ech mengen, et ass een Drama, wann ee Bréidercher baakt, déi ze grouss sinn an déi een herno net méi ka bezuelen. Dat ass den Drama.”

Zënter enger Zäitche wier een amgaange mat de Veräiner iwwert eng Zort national Lizenz ze diskutéieren. Elo géif et drëms goen ze reagéieren, fuerdert de Paul Philipp. Hien hofft, datt dëse Virfall vläicht fir e Schock suergt, deen de Fussball méi gesond mécht, an datt aus den Affer, spréch de Spiller, net Täter gemaach ginn.

Lauschterenplay_arrow