Radioen

On air

Notturno  |  Maya Ongaku - Iyo No Hito

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Streik an der weltwäit gréisster Kofferminn

International

Streik an der weltwäit gréisster Kofferminn

A Chile gëtt et e Streik an där weltwäit gréisster Kofferminn. D‘Aarbechter vun der Escondida Kofferminn am Norde vu Chile streiken, well keen Accord iwwer en neie Kollektivvertrag fonnt gouf.

auto_stories

1 min

Kofferminn | © Municipalidad Antofagasta/Minera Escondida
Foto: Municipalidad Antofagasta/Minera Escondida

Knackpunkt ass d'Fuerderung vun hirer Gewerkschaft, datt d'Aarbechter 1 Prozent vun den Dividende misste kréien, déi un auslännesch Investisseure bezuelt ginn.

Den australesche Proprietär vun der Minn, BHP, huet proposéiert, e Bonus vun 28.900 Dollar un all Aarbechter ze bezuelen. D'Gewerkschaft fuerdert awer méi. Si seet, 1 Prozent vun den Dividende géife 36.000 US-Dollar pro Aarbechter ausmaachen.