arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sträit beim interkommunale Persounentransport TICE verschäerft sech

Aarbecht

|
headphones

2 min

Sträit beim interkommunale Persounentransport TICE verschäerft sech

Déi nei Episod am Sträit beim Persounentransport TICE huet virgëschter ugefaangen, andeems d'FGFC der Direktioun vum TICE Verstéiss géint den Dateschutz virgehäit huet. Dat ënner anerem well si confidentiel Maile vun der Personaldelegatioun solle matgelies hunn.

headphones

2 min

© Jo Diseviscourt
(Foto: Jo Diseviscourt)

Doropshin hat d’TICE-Direktioun vun diffamatoresche Beschëllegungen duerch d’FGFC geschwat an ugekënnegt sech all Rechtsmëttel virzebehalen.

Trennung vu Funktioun als Mataarbechter an als Personaldelegéierten 

An hirem Schreiwes hat d’Direktioun erkläert, den TICE-Büro hätt am November e Bréif vun der Dateschutzkommissioun kritt, fir Donnéeën iwwer e Mataarbechter erauszeginn. Mëtt Februar hat déi Persoun, déi och Member vun der Personaldelegatioun ass, e Courrier vum TICE kritt.

Dat, mat der Informatioun, datt si en USB-Stick kréie kéint mat hire perséinlechen Donnéeën drop. Fichieren, déi der Personaldelegatioun virbehale sinn, wieren net drop.

Well dat awer de Fall war, huet d’Direktioun geschriwwen, datt d’Trennung vun der Funktioun als Mataarbechter an där als Personaldelegéierten net respektéiert gi wier.

Geriichtlech Suitten deite sech un 

Den Theo Schickes, President vun der Personaldelegatioun, sot am 100,7-Interview, datt d’Direktioun confidentiel E-Mailen hätt missen ignoréieren. Op deenen hätt "Secret" oder "Confidentiel" gestanen. An dësem wéi an aneren Dossiere géif et ëm d’Personal goen an ëm deem seng Rechter. 

"Esou gutt wéi mir virdru matenee waren, wäert et sécher net méi ginn. Mee et geet hei drëms fir kënne professionell mateneen ze schaffen. An dat dote sinn einfach Saachen, déi net ginn." 

Genee dat selwecht seet d’FGFC. Dem Theo Schickes no dierft dës Affär geriichtlech Suitte kréien.

"Well mir wäerte vun eiser Säit sécher net zerécktrieden, well hei Mëssstänn um TICE sinn. Wann dat de But ass vun hinnen, also dat mat Sécherheet net." 

Och vu Streik gëtt geschwat 

An den Ae vum President vun der Personaldelegatioun géif et kee Sozialdialog méi tëschent Direktioun a Personal ginn. Well et méiglech wier, datt ee sech op der Conciliatioun, déi mam Sträit befaasst ass, net géif eens ginn, stéing ënner Ëmstänn e Streik virun der Dier. 

"D’Wuert Streik huelen ech an de Mond, well dat am Fong an där ganzer Prozedur esou virgesinn ass. Fir iwwerhaapt kënnen ze streiken, muss ee jo gewësse Saachen erfëllen."

Den Theo Schickes ass skeptesch, datt d’TICE-Conciliatioun e Succès gëtt. Hie géif sech awer iwwerrasche loossen ...

Wat déi Conciliatioun ugeet, géifen d’FGFC, den OGBL an den TICE hir Leit dofir grad definéieren. Et stéing nach keen Datum fir en éischte Rendez-vous, et kéint awer no der Päischtvakanz sinn.