Déi meescht Leit, déi d’Stëmm vun der Strooss betreit – d’Alexandra Oxacelay nennt si och Clienten – si frou, wann de ganzen Trubel ronderëm d’Chrëschtdeeg eriwwer ass. Et sinn nämlech Deeg déi si drun erënneren, wéi eleng si wierklech sinn.
Méi staark wéi soss spieren dës Leit, datt si aus der Gesellschaft ecartéiert sinn, seet d’Direktesch vun der Stëmm vun der Strooss am 100,7-Interview.
Positiv un där Zäit wier just, datt ee géing gesinn, datt "de Lëtzebuerger gäre gëtt". D’Solidaritéit géing an d’Luucht goen, betount d’Alexandra Oxacelay.
Méi Personal gëtt gebraucht, mee et feelt och u Suen
De 25. Dezember ass ee vun zwee Deeg, op deenen d’Stëmm vun der Strooss zou huet. Den aneren Dag ass den 1. Januar.
D’Alexandra Oxacelay wéilt och méi dacks op hunn. All 2. Weekend ass d’Stëmm vun der Strooss nämlech zou, a si schaffen och just 8 Stonnen den Dag. Esou kéint een net "ganz effikass schaffen", seet d’Direktesch, well mat méi Personal kéinten hir Raimlechkeeten och méi dacks op sinn.
Dat wier net just e Problem vum Finanzement, mee och vum politesche Wëllen, seet d’Alexandra Oxacelay. Mee si wéilt de Staat awer och net ze vill kritiséieren, schliisslech gi si vu staatleche Sue finanzéiert. Dobäi kënnt, datt eng ganz Rëtsch vun Associatioune méi Moyene froen, an "de Staat kann och net alles maachen".
D’Direktesch vun der Stëmm vun der Strooss betount och, datt een am Santésministère, vun deem si finanzéiert ginn, ëmmer een oppent Ouer fënnt.
Matagebonnen an den nationalen Aktiounsplang géint Aarmut
D’Regierung wëllt och méi a Saachen Aarmutspreventioun maachen an huet dofir rezent en nationalen Aktiounsplang presentéiert. An deen ass d’Stëmm vun der Strooss och matagebonne ginn. De Minister Hahn hätt sech déi verschidde Raimlechkeeten ugekuckt, esou d’Alexandra Oxacelay.
Zu deenen zielen net just d’Restauranten, mee och Atelieren an ee Posttherapie-Zentrum.
D’Konventioune wäerten am Januar erausgoen. Eréischt da géing ee gewuer ginn, ob ee gehéiert ginn ass oder net, seet d’Alexandra Oxacelay.
Hollerech ze kleng, grousse Besoin zu Esch
D’Stëmm vun der Strooss huet d’lescht Joer 15.000 Leit gezielt, déi op hir Service zeréckgegraff hunn, a rechent och fir 2025 mat enger änlecher Zuel. Allerdéngs géingen déi verschidde Standuerter vun der Organisatioun esou lues awer sécher un hir Limitte kommen.
“Also zu Hollerech mengen ech si mir um Limitt ukomm. Ech weess net, ob mir do nach ganz vill Progressioun kënnen hunn. Wou wierklech d'Leit ganz vill higinn, dat ass och op Esch. Do ass och e ganz grousse Besoin. Zu Ettelbréck sinn d'Raimlechkeete vill ze kleng. Do rennen d'Leit eis awer d'Bud an."
Genee Zuelen doriwwer, wéi vill Leit dëst Joer vun der Stëmm vun der Strooss profitéiert hunn, kéint een am neie Joer liwweren, esou nach d’Alexandra Oxaceley.