arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Firwat net och eng Regulariséierung zu Lëtzebuerg?

Fräie Mikro

|
headphones

4 min

headphones

4 min

play_arrow

Firwat net och eng Regulariséierung zu Lëtzebuerg?

Fir d'Wirtschaft vum Land ze stäerken, huet déi spuenesch Regierung d'Regulariséierung vun enger hallwer Millioun "Sans-papiers" ugekënnegt. Eng Decisioun, déi vill Courage verlaangt, a vun där mir zu Lëtzebuerg nach wäit fort sinn, mengt d'Laura Zuccoli an hirem Fräie Mikro.

headphones

4 min

headphones

4 min

play_arrow
Laura Zuccoli | © Jo Diseviscourt
Laura Zuccoli (Foto: Jo Diseviscourt)

"Mir wëllen dëse Mënschen, déi schonn an eisem Land sinn, hir Dignitéit unerkennen an erëm ginn an hinne Garantien a Rechter ubidden", esou d'Wierder vun der spuenescher Regierung.

Een Toun, deen am staarke Kontrast steet zu den Aussoe vum Lëtzebuerger Innenminister Léon Gloden, deen eng Regulariséierung vu Migranten ouni legalen Openthalt ewéi a Spuenie refuséiert, och wann der vill vun hinne schonns zënter Joren zu Lëtzebuerg liewen a schaffen. 

Solidaritéit a Mënschlechkeet vertrieden

Déi ugekënnegt Regulariséierung a Spuenien erlaabt et Migranten, déi virum 31. Dezember 2025 ukomm sinn an op d'mannst zënter fënnef Méint illegal am Land liewen, eng Openthaltserlabnes ze kréien. Si kënnen dann an all Secteur iwwerall am Land schaffen.

Dës generéis an aussergewéinlech Regulariséierung gouf gefuerdert a promouvéiert vun enger breeder Allianz vu Mënschen, fir déi Wäerter ewéi Solidaritéit a Mënschlechkeet wichteg sinn. Leit ouni legalen Openthalt ginn an der Reegel ausgebeut a liewen ënner katastrophale Konditiounen, ënner deenen och dacks Kanner ze leiden hunn.

D'Fall-zu-Fall-Regulariséierung ass intransparent

Eise Minister Gloden behaapt, eng ganz tolerant a generéis Fall-zu-Fall-Gestioun bei der Regulariséierung ze verfollegen.

Dës Ausso ass allerdéngs net wierklech kompatibel mat der Rechtsstaatlechkeet vun engem demokratesche Land, déi op Gerechtegkeet a Gläichbehandlung baséiert.

D'Fall-zu-Fall-Regulariséierung ass intransparent, juristesch inkohärent, arbiträr a gëtt dem Minister a senge Beamten eng enorm Muecht fir ze decidéiere, wien hei bleiwen dierf a wien net.

Déi Härtefällkommissioun mat onofhängege Memberen, déi Decisiounen zum Openthalt mat méi Distanz huele kéint, an déi och explizit am Koalitiounsaccord virgesinn ass, soll net aberuff ginn. Zwar lafen den Ament am Immigratiounsgesetz eng Rei Ännerungen, mee néirens deit sech eng transparent a méi breet Regulariséierung un.

Leit, déi schaffen, gi gebraucht

Flüchtlingen, déi de Flüchtlingsstatut net kruten, Mënschen, déi dacks scho jorelaang mat hirer Famill hei sinn an net heem kënnen, Migranten ouni Openthaltsrecht an hei schwaarz schaffen, vläicht ni en Openthaltsrecht ugefrot hunn, aus Angscht virun engem Refus, well eist Gesetz fir Leit aus Drettlänner den Zougang zum Aarbechtsmaart streng reegelt: Hinnen all bleift den Zougang zur Legalitéit verwiert, obwuel mir Aarbechtskräfte brauchen.

Eis Bevëlkerung gëtt ëmmer méi al an den Undeel un eelere Leit wäert an de kommende Joerzéngten nach däitlech klamme, mat schwéiere wirtschaftlechen a soziale Konsequenzen. Eise Pensiounssystem ass laangfristeg net méi ze finanzéieren, d'Gesondheetskäschten explodéieren an de Mangel un Aarbechtskräften a bestëmmte Beräicher ewéi der Gesondheet, dem Bau oder de Servicer setzt d'Ekonomie gewalteg ënner Drock.

Souguer op d'Ukrainer gëtt geklappt

De Gesetzesprojet, deen den Europäesche Pakt Migratioun an Asyl fir Juni 2026 soll a Lëtzebuerger Recht ëmsetze, läit vir. D'Regierung setzt - ouni Iwwerraschung - op eng schnell an efficace administrativ Gestioun, op vereinfacht Moossname fir d'Réckféierung an op d'Aspären an d'Ausweise vun illegale Migranten - och vu Mannerjäregen.

D'EU huet Schnellverfaren a Réckféierungen och an Drëttlänner, zu deene Migranten oder Flüchtlinge keng Verbindung hunn, beschloss.

Lëtzebuerg léist sech natierlech och vun der populistescher a rietsextremer Visioun vun enger Festung Europa blenden. Neierdéngs klappt eis Regierung jo souguer op d'Ukrainer.

Wou bleift eng humanistesch an intelligent Migratiounspolitik?

Mee d'Barrièren, déi d'Länner opriichten, fir d'Migratioun ze stoppe, fëlle just d'Täsche vu skrupellose Kriminellen a schafen zousätzlech Gefore fir Mënschen, déi viru Krich, Ënnerdréckung, Hongersnout a villem anere Misär fortlafen.

Spuenien ass e Liichtbléck. A grad just Lëtzebuerg kéint och e Beispill ginn, wéi eng humanistesch an intelligent Migratiounspolitik hëllefe kann, fir eis gesellschaftlech Besoine vu muer an de Grëff ze kréien. Ouni Courage geet dat allerdéngs net.

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.

 

play_arrow Lauschteren