Radioen

On air

Concert  |  Concert

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Stater Appellsgeriicht confirméiert Urteel géint Peter Freitag

Calomnie an Diffamatioun

Stater Appellsgeriicht confirméiert Urteel géint Peter Freitag

De Peter Freitag gëtt an enger Affär vu Calomnie an Diffamatioun zu enger Geldstrof vun 2.500 Euro verurteelt. Dat huet d‘Stater Appellsgeriicht entscheet an domat d‘Urteel aus éischter Instanz confirméiert.

auto_stories

1 min

Stater Geriicht | © Serge Kesseler
Stater Geriicht (Foto: Serge Kesseler)

De Corona-Impfgéigner muss donieft zwou Partie-civillen, dem Psychiater Dr Cloos an der pensionéierter Gynekologin Dr. Schmit, all Kéiers 1.000 Euro Schuedenersatz bezuelen.

De Peter Freitag, dee fir d’lescht an der Beweegung "Mir d’Vollek" engagéiert war, hat de Prozess gemaach kritt, well hien déi zwee Dokteren als "Schüler vum NS-Dokter Mengele" an als "Coro-nazien" bezeechent hat. Béid Dokteren hate sech am Oktober 2021 fir Corona-Impfungen ausgeschwat.