Radioen

On air

De Weekend  |  Hozier - Nobody's Soldier

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Statec: Tariffer fir Servicer a Liewensmëttel si geklommen

Präisindex

Statec: Tariffer fir Servicer a Liewensmëttel si geklommen

De Jores-Inflatiounstaux ass am Mäerz ganz liicht gefall, vun 3,2 op 3,1 Prozent. An engem Mount ass de Präisindex, deen de Statec rechent, ëm 0,2 Prozent geklommen. 

auto_stories

1 min

Foto:

Déi Hausse ass bedéngt duerch d‘Tariffer fir Servicer, déi an d‘Luucht gaange sinn. D‘Doktesch-Tariffer sinn an d‘Luucht gesat ginn. Eng Prestatioun beim Generaliste, Spezialist an Zänndokter sinn ëm 7,7 Prozent geklommen.

Elo virum Summer sinn och d‘Reese méi deier ginn. Dat ëm bal 6 Prozent. D‘Crèchen an d‘Foyere sinn ëm 2,8 Prozent méi deier ginn.

D‘Liewensmëttelpräisser sinn och weider geklommen. Am héchste sinn d‘Präishaussë beim Olivenueleg, de Produite fir Puppelcher, de Mieresfriichten an dem Schockela. D‘Präisser vun de Liewensmëttel sinn an der Moyenne 2,8 Prozent méi héich, wéi virun engem Joer.