De privaten a kommerzielle Kaf vun Autoen ass zu Lëtzebuerg zanter dem éischten Hallefjoer vun 2023 ëm déi 5 Prozent erofgaangen. Anescht wéi an Däitschland, Éisträich an a südleche Länner.
D'Ekonomie vun der Eurozon huet sech och am 2. Trimester vun dësem Joer erholl. Wéi de Statec matdeelt, ass de PIB ëm 0,3 Prozent geklommen, esou wéi och schonn d'Trimester virdrun. D'Resultater vun den eenzele Länner ënnerscheede sech awer ënnerteneen. Spuenie läit mat enger Hausse vun 0,8 Prozent vir, Däitschland ass an enger liichter Baisse vun 0,1 Prozent, Italien a Frankräich leien an der Moyenne.
Trotz der ekonomescher Erhuelung ginn et Indicen, datt et fir d'nächst Joer fir EU-Länner, och Lëtzebuerg, erëm zu enger Baisse oder Stagnatioun kéint kommen. Den internationale Kontext vu Kricher an déi onsécher Konjunkture vun den USA a China léisen Doutten aus.