Radioen

On air

Notturno  |  Arthur Possing - Folk Song

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Stad Lëtzebuerg organiséiert Public Viewing fir d'Fussball-EM um Glacis

Vum 29. Juni bis de 14. Juli

Stad Lëtzebuerg organiséiert Public Viewing fir d'Fussball-EM um Glacis

Och wann déi Lëtzebuerger Fussballnationalekipp et net op d'EM gepackt huet, wäerte Lëtzebuerger Fussballsupporter am Summer op hir Käschte kommen. Um Glacis wäert d'Stad Lëtzebuerg nämlech ee grousse Public Viewing organiséieren.

auto_stories

1 min

Public Viewing | © picture alliance / Eventpress | Eventpress Stauffenberg
Foto: picture alliance / Eventpress | Eventpress Stauffenberg

D'Lydie Polfer huet um Donneschdegmoien um City Breakfast ugekënnegt, datt d’Stad Lëtzebuerg am Kader vun der Fussball-Europameeschterschaft ee Public Viewing um Glacis wäert organiséieren. Dat tëschent dem 29. Juni an dem 14. Juli. Gewise ginn d'Matcher op engem 50 Meterkaree groussen Ecran.

D'EM fënnt dëst Joer an Däitschland statt. Optaktmatch ass de 14. Juni tëschent Däitschland a Schottland. D'Finall fënnt de 14. Juli statt a kann deemno live um Glacis verfollegt ginn.