Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Eternal Tango - The Golden Citiy

play_arrow Live
search

/ Schlëmm Iwwerschwemmungen zu Bahia Blanca

Argentinien

Schlëmm Iwwerschwemmungen zu Bahia Blanca

De President Javier Milei huet elo eng Staatstrauer vun 3 Deeg ausgeruff. De Bilan vun den Doudesaffer ass an Tëschenzäit op 16 geklommen.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Subaas Shrestha
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Subaas Shrestha)

D'Sich no weidere Vermësste geet weider.

E Freideg hat e schwéiert Wieder déi 330.000 Awunner Stad am Süde vun der Provënz Buenos Aires a kuerzer Zäit iwwerschwemmt. Bannent 24 Stonne waren 210 Liter Reen op de Quadratmeter gefall. Dat ass ongeféier een Drëttel vun deem, wat an der Moyenne an engem Joer an der Regioun u Reen fält.