arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Staatlech Bäihëllefe fir de Stroumpräiss, fir Privatleit a fir Betriber

Wirtschaft

|
headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Staatlech Bäihëllefe fir de Stroumpräiss, fir Privatleit a fir Betriber

Aus dem Präisdeckel gëtt eng Bäihëllef. Ronn 150 Milliounen Euro hëlt d'Regierung an d'Hand fir e gudden Deel vun de Netzkäschten ze iwwerhuelen, esou de Wirtschaftsminister Lex Delles.

headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow
Jacques Ganser | © Jacques Ganser
Pressekonferenz Lex Delles (Foto: Jacques Ganser )

Den Deel, deen d'Regierung iwwerhëlt, mécht ronn een Drëttel vum Stroumpräis aus. Domat profitéieren elo net nëmme Privatleit mee och Betriber vun dëse Bäihëllefen. Dat wier och erwënscht, seet den DP-Wirtschaftsminister Lex Delles. 

Och Betriber solle profitéieren

Der Regierung géif et drëm goen, d'Kafkraaft vun de Leit ze erhalen. 

"Op der anerer Säit awer och eise Betriber d'Méiglechkeet ginn, an engem internationale Kontext kënne kompetitiv ze schaffen, an dat Ganzt eeben och begleeden, datt mir d'Transition énergétique, also d'Transition d'électrifikatioun och mat duerchkréien." 

Bei déi 150 Millioune kommen nach eemol 80 Milliounen Euro u Kompensatiounsgelder, déi de Staat vum nächste Joer un iwwerhëlt. Also Suen, déi Produzente vun erneierbarem Stroum ausbezuelt kréien als Ausgläich, wann hire Stroum um Marché ze bëlleg ass. 

Fir d'Leit ännert just de Präis 

Rechent een dobäi den Effet vu méi bëllegen Energiepräisser um Marché, da géif de Portmonnie vun de Leit däitlech entlaascht ginn. 

"Soudatt mir dann op e gesamte Präis an der Moyenne vu ronn 25,8 Centime kommen, Kilowattstonn. Dat ass eng Differenz vun 23,9 Prozent, wou mir also mat deene verschiddenen Interventioune vum Staat den Energiepräis fir de Consommateur erofsetzen."

Am Schnëtt dierft en Duerchschnëttsstot domat ronn 288 Euro pro Joer u Stroumkäschte spueren. De Client selwer kritt vun dëse Mesuren ausser dem Ennpräis näischt mat, et sinn och keng weider Demarchen noutwenneg, esou nach de Lex Delles. 

play_arrow Lauschteren