Den S-Net Mobile an S-Net Desktop vun der Spuerkeess funktionéieren nees. D’Bank hat de Moien gemellt, datt et zu enger interner technescher Pann komm ass, wéi un den informatesche Systemer geschafft ginn ass. Et géing sech net em eng Cyberattack vu baussen handelen, präziséiert de Generalsekretär vun der Spuerkeess, Marco Rasqué da Silva. Déi informatesch Systemer hätten elo zu engem Deel nees kënnen hirgestallt ginn.
Hien erkläert, datt et um Niveau vun der Hardware zu ëmmer rëm zu Problemer komm wier.
Den S-Net Mobile an den S-Net Desktop kéinten awer eventuell an den nächste Stonnen nach méi lues si wéi gewinnt, deemno wéi vill Clienten sech elo gläichzäiteg géinge connectéieren.