Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Gemeng Sëll wiisst, mee wëllt net fusionéieren

1.000 Awunner

D'Gemeng Sëll wiisst, mee wëllt net fusionéieren

Sëll huet déi quasi magesch Grenz vun 1.000 Awunner iwwerschratt. De Buergermeeschter Gérard Zoller erkläert am 100,7-Interview wat dat bedeit, a firwat ee kee Besoin fir eng Fusioun gesäit.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Et wier keng richteg Sensatioun, datt een dëse "Meilesteen" elo erreecht hätt, esou de Buergermeeschter vu Sëll, de Gérard Zoller. Dee verstuerwene Camille Gira, dee Buergermeeschter vun der Nopeschgemeng Biekerech war, hätt Sëll ëmmer eng "Bonsai-Gemeng" genannt. De Gérard Zoller hofft, datt dëse Spëtznumm elo der Vergaangenheet ugehéiert.

Méi Awunner, méi Suen?

De Seuil vun 1.000 Awunner ze erreeche bedeit zwar nach ëmmer, datt Sëll déi klengst Gemeng aus dem Land bleift, mee et bréngt trotzdeem eng Rei praktesch Ännerunge mat sech.

"Et ännert, dass mir bei deenen nächste Walen net méi siwe Conseilleren, mee néng Conseillere wäerte musse wielen. Et ännert och, dass mir e bësse méi Congé politique alleguer wäerte bäikréien. An et ännert och, dass mir 150 Euro pro Awunner bei den Dotatioune bäikréien.”

Wat d'Dotatiounen ugeet, duecht een zu Sëll, datt alleguer d'Awunner déi bäikréichen, esou de Buergermeeschter. Mat Enttäuschung hätt een awer misse feststellen, datt dat just bei den Awunner iwwer 1.000 ass.

“Well mir elo bei 1.010 sinn, kréie mir dann elo ganz genau 1.500 Euro bäi.”

Géigemodell zu de ville Fusiounen

Zu Sëll hätt een awer net d’Aspiratioun fir nach vill weider ze wuessen. Et wäert een nach wuessen, well nach eng Partie Lotissementer an der Maach wieren, esou de Gérard Zoller, mee de Wuesstem gëtt net forcéiert.

Datt den Inneministère d'Gemengelandschaft duerch Fusioune verännere wëllt, dat weess een och zu Sëll. De Gérard Zoller gesäit de Kanton Réiden do awer als Géigemodell zum Rescht vum Land. Dat wéinst dem Syndikat Réidener Kanton, deen 9 Gemenge verbënnt, a wou ee grouss Projete mateneen ugeet. Dobäi kënnt nach den europäesche Gedanken.

“Wéi mir Europa gegrënnt hunn, (gouf) vum Prinzip vun der Subsidiaritéit geschwat, dass mir déi grouss a komplizéiert Dossieren op engem héijen Niveau maachen, an déi kleng Saachen an eise klenge Gemengen an Dierfer. An dat ass dat eigentlech, wat mir am Réidener Kanton zënter enger Partie Joren elo scho maachen a wat gutt fonctionéiert.”

Aus deem Grond géing een aktuell kee Grond gesinn, fir mat enger anerer Gemeng ze fusionéieren, esou de Sëller Buergermeeschter Gérard Zoller. 

Lauschterenplay_arrow