arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Spuerkeess: 6.000 US-Dollar fir eng Onz Gold "absolut net onméiglech"

Wirtschaft

|
headphones

3 min

headphones

17 min

play_arrow

Spuerkeess: 6.000 US-Dollar fir eng Onz Gold "absolut net onméiglech"

De Präis vum Gold hat d’lescht Woch ee Rekord vu bal 5.600 US-Dollar pro Onz (ronn 31 Gramm) erreecht. An den Deeg duerno goufen et gréisser Verloschter bei dësem Edelmetall. Wat muss een an dësen Zäite wëssen, wann een a Gold wëllt investéieren, a wat iwwer déi rezent Entwécklunge beim Goldpräis?

headphones

3 min

headphones

17 min

play_arrow
Gold | © EPA/ALI HAIDER
(Foto: EPA/ALI HAIDER)

D'Turbulenzen aus deene leschten Deeg wiere relativ historesch, seet de Bryan Ferrari, Investment- a Portfolio-Manager aus dem Beräich Private Banking bei der Spuerkeess am 100,7-Interview. Esou héich Variatiounen um Präis hätt een nach net gesinn.

"Et dierf een och elo net vergiessen, datt zënter enger gewësser Zäit d'Appreciatioun vum Gold extreem héich war. An deementspriechend - d'Beem wuessen och net bis an den Himmel - an dann heiansdo kommen eng Kéier esou kleng Récksetzer."

Net just déi Baisse, mee och d‘Hausse, déi hir virausgaangen ass, hätt et bis elo nach net ginn, betount de Bryan Ferrari weider.

D'Situatioun ass imprevisibel

Et ginn Experten, déi soen, datt de Goldpräis dëst Joer d’6.000 US-Dollar-Mark pro Onz kéint knacken. De Bryan Ferrari betount, datt keen eng Glaskugel huet an d‘Situatioun wier imprevisibel.

"Ech mengen, et geet duer, datt mir eng Aktioun am Iran gesinn an da geet et schonn duer, datt d'Gold nach eng Kéier e Sprong no uewe mécht (…) Mee onméiglech ass et absolutt net."

6.000 Euro pro Onz sinn 10 Prozent méi vum aktuelle Präis.

Leit, déi a Gold investéieren, solle Gewiichtung iwwerdenken

Sollt den Dollar nach weider ofschwächen, wier dat eng positiv Entwécklung fir d‘Gold.

"Well d'Investisseure sech awer dorop agespillt hunn, datt de Reserve-Status vum Dollar, obwuel mir scho laang dovunner schwätzen, datt deen awer lues a Gefor kënnt."

Wéi eng Roll fir Privatleit spille Gold, Sëlwer an aner Edelmetaller beim Investéieren?

"Wann Är Positioun vum Gold am Portefeuille ass fir ze diversifizéieren, dann ass et awer vun Interêt nach eng Kéier seng Ponderatioun a seng Gewiichtung ze iwwerdenken."

Héich Demande fir ee Safe

Wann ee bei der Bank a Gold investéiert, kann een dat maache vu fënnef Gramm bis ee Kilo. D‘Bank huet ee Safe, dee Fraise kascht. Do ass d‘Demande den Ament awer immens héich, esou datt et souguer Waardelëschte ginn, betount de Bryan Ferrari.

Et kann een d‘Gold awer och mat Heem huelen, esou de Bryan Ferrari. Dobäi muss een awer oppasse, datt een d‘Gold net beschiedegt, soss kéint een Deel vum Präis verluer goen.

"Well da muss dat nämlech nei ageschmolt ginn an nei gegoss ginn. Dat heescht, dat ass ee Problem, wann een dat physesch huet."

"Fear of Missing Out"

An de leschte Wochen an Deeg konnt een dann observéieren, datt d‘Leit méi Gold kafe wollten.

"Et ass awer deen 'herd behaviour'. Dat heescht, all Mënsch schwätzt dann dovunner an da kritt op eemol all Mënsch (…) FOMO, 'Fear of Missing Out'."

Et wier dann un der Bank, dat ze berouegen, esou de Bryan Ferrari. 

De Beräich Private Banking bei dëser Bank këmmert sech ëm Leit, déi an der Moyenne eng Millioun Euro u Liquiditéiten an Titren hunn. 

 

play_arrow Lauschteren