Radioen

On air

Notturno  |  Fumage - Power That Be Feat. Ruben Hein

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Spuenien ass Fussball-Europameeschter

2-1 Victoire an der Finall géint England

Spuenien ass Fussball-Europameeschter

An der Finall gëschter Owend huet Spuenien 2-1 géint England gewonnen. D‘Goler sinn all an der zweeter Hallschent gefall. Spuenien huet domat fir d'véierte Kéier d‘Europameeschterschaft gewonnen. Dat ass e Rekord. 

auto_stories

1 min

Spuenien Europameeschter | © picture alliance/dpa | Tom Weller
Foto: picture alliance/dpa | Tom Weller

Direkt no der Paus konnten d'Spuenier duerch den Nico Williams mat 1-0 a Féierung goen, éier de Cole Palmer ronn 15 Minutte viru Schluss den 1-1 markéiert huet. An der 86. Minutt huet den agewiesselten Oyarzabal den 2-1 geschoss. 

England huet domadder fir déi zweete Kéier an 3 Joer eng EM-Finall verluer. 2021 hunn d'Three Lions sech géint Italien am Eelefmeterschéisse misse geschloe ginn.