D’Lëtzebuerger Sportsfédératiounen a Veräiner sollen an Zukunft méi einfach op professionellt Personal zréckgräifen kënnen. Sief dat en Trainer oder eng Trainerin, en directeur technique oder administratiivt Personal.
D’Initiative pour la Promotion de l’emploi dans le Secteur du Sport soll en établissement public ginn, wat professionellt Personal astellt dat dann zäitlech begrenzt vu Veräiner an Fédératiounen kann akaf ginn.
Know-how aus dem Ausland a vu Lëtzebuerg
Et wéilt een awer net just Leit aus dem Ausland rekrutéieren, huet den CSV-Minister Georges Mischo erkläert. Mat Hëllef vu spezifesche Formatiounsprogrammer wéilt een der Demande vum Secteur nokommen an eegen Leit ausbilden.
"Mir wäerte sécher net et hikréien, datt mer alleguerten déi Posten, déi mer an de Federatioune besetzen ze hunn, mat Lëtzebuerger, Lëtzebuergerinne kënne besetzen. Dat ass eis ganz kloer. Mir profitéieren och, mengen ech, vum Knowhow vun auslänneschen Trainerinnen an Trainer, awer net nëmmen och directeur techniquen."
Net just als Sportsminister mee och als Aarbechtsminister, wier et dem Georges Mischo säin Zil, datt Lëtzebuerger:inne sech op déi Poste melle kënnen an hirt Wëssen anzebréngen.