Radioen

On air

Mëttesrascht  |  TLC - No Scrubs

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Solingen: Olaf Scholz op der Plaz fir Gedenkzeremonie

No Messerattack

Solingen: Olaf Scholz op der Plaz fir Gedenkzeremonie

No der déidlecher Attack zu Solingen, huet de Bundeskanzler de Moien ugekënnegt, datt den Attentäter séier an haart soll bestrooft ginn. Och d‘Waffegesetz, besonnesch wat Messeren ugeet, soll verschäerft ginn. 

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Thomas Banneyer
Foto: picture alliance/dpa | Thomas Banneyer

De Bundeskanzler sot a senger Ried och, datt Mënschen ouni Openthaltsgeneemegung méi séier missten expulséiert ginn. De presuméierten Täter ass an Untersuchungshaft. De 26-Joer ale Syrer hat sech der Police gestallt an d‘Dot zouginn. Däitsche Medie no wär hien Enn 2022 als Flüchtling aus Syrien an Däitschland komm. 

Bei enger Gedenkzeremonie huet den Olaf Scholz viru Mëtteg eng wäiss Rous fir déi 3 Doudesaffer an déi 8 Blesséierter néiergeluecht…

Bei Demonstratiounen zu Solingen an Zesummenhang mam Attentat huet gëschter Owend d‘Police missen agräifen, fir Ausschreidungen ze verhënneren. Dräi verschidden Organisatiounen aus lénks- a rietsextreeme Kreesser, dorënner d‘Jugendpartei vun der AfD, haten zu Demonstratiounen opgeruff.