arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Solfège gëtt reforméiert

Reform

|
headphones

1 min

Solfège gëtt reforméiert

De Solfège soll méi attraktiv ginn an d’Kanner méi laang bei der Musek halen. Vu September soll de Solfège op fënnef Joer – am Plaz wéi bis elo véier - ausgedeent ginn. Dat hunn den Educatiounsminister Claude Meisch an déi zoustänneg Coordinatrice Micky Thein annoncéiert.

headphones

1 min

© picture alliance / dpa Themendienst | Florian Schuh
(Foto: picture alliance / dpa Themendienst | Florian Schuh)

Grond fir d’Reform ass déi niddereg Zuel u Kanner, déi no de véier obligatoresche Solfège-Joren nach weider Musekscoursë besichen. Fir deem entgéintzewierken, gëtt de Programm méi spilleresch, méi praktesch an méi no un der musikalescher Praxis ausgeriicht.

Sangen a Freed um Musekmaachen am Mëttelpunkt

Aktuell kommen d’Kanner am zweete Schouljoer an dat éischt Joer Solfège. Dat soll vu September un änneren. Da sollen d’Kanner am éischte Schouljoer (Cycle 2.1) ufänken, erkläert d’Micky Thein.

“D’Kanner kënnen dann nach net liesen, net rechnen. Si léieren dat alles eréischt. (...) Dat heescht dat ass eng ganz aner Approche, wat awer sécherlech vu Virdeel ass. Well si net liesen oder schreiwe kënnen, da verfält een net erëm an déi al Musteren, mee et mécht ee praktesch mat hinnen.”

An deenen éischten zwee Joer steet virun allem Sangen an d’Freed um Musekmaachen am Mëttelpunkt. An de Joren duerno sollen d’Lidder da méi bewosst analyséiert ginn.

Donieft gëtt d’Bewäertung ugepasst a wäert dann net méi vun zwee Examen ofhänken - wéi bis elo - mee nëmmen nach vun engem. Dofir sollen an Zukunft awer d’Leeschtunge wärend dem Joer d‘Evaluatioun matbestëmmen.