Text: Laure Carier
Hannert dem Tik-Tok-Trend, deen een och op anere soziale Medien erëmfënnt, verstoppt sech eng Online-Welt, déi extreemt Ofhuele verherrlecht. Wat op den éischte Bléck wéi normal Fitness- oder Regimmtipps wierkt, verharmloost a Wierklechkeet déi eescht a potenziell geféierlech Krankheet Magersucht, och ënnert dem Numm Anorexia nervosa bekannt.
Skinny Tok funktionéiert iwwert Biller a Kuerzvideoen, déi ëmmer erëm dat selwecht Ideal weisen: Jonk, meeschtens weiblech Persounen, déi extrem dënn oder staark duerchtrainéiert ausgesinn. Heiansdo trieden och Männer op, meeschtens mat engem schlanken, muskuléise Kierper an engem niddrege Fettgehalt.
De Message hannert de Videoen ass kloer: Nëmmen wien ëmmer méi schlank gëtt, ass wäertvoll a gëtt vu bausse bewonnert.
Fir ze verstoen, wat genau hannert dësem Trend stécht, hu mir mat der Psychologin Isabelle Kieffer geschwat.
"Skinny Tok ëmfaasst eigentlech esou e Gruppement op Tik Tok, wou et haaptsächlech ëm Iesse geet an ëm Bodyimage geet, an zwar an déi Richtung, datt et virun allem e Kierperbild ass wat extrem dënn ass. Mir hate schonn emol esou eng Phas an den 80er 90er an elo kennt dat iergendwéi erëm."
COVID och ee Grond fir de Succès vu Skinny Tok
De Phänomen ass also net nei. Am Géigesaz zu fréier läit den Ënnerscheed hautdesdaags an der Geschwindegkeet an Accessibilitéit vun esou Videoe wéinst dem Internet. Enger Etüd vum STATEC aus dem Joer 2022 no, verbréngen een Drëttel vun de Leit tëschent 16 a 24 Joer méi wéi 5 Stonnen den Dag op hirem Handy. D'COVID-19-Pandemie huet deemno och psychesch Krankheete favoriséiert, esou d'Psychotherapeutin Isabelle Kieffer.
"Also d'Pandemie hat bei deene ganze psycheschen Imbalancen, déi doduerch entstane sinn, an déi dunn eben och d’Basis leeë fir esou eng Iessstéierung eventuell kéinten ze entwéckelen, e groussen Afloss. Enplus ass de Social Media wärend där Zäit quasi explodéiert. Et sinn och warscheinlech méi Leit gewiescht, déi Saachen héichgelueden hunn, well se villäicht net wossten, wat se mat hirer Zäit ufänke sollten. No der Pandemie hu mir allgemeng gesinn, datt déi psychesch Problemer an der Gesellschaft net nëmme bei de Jugendlechen, mee och bei den Erwuessenen, massiv eropgaange sinn."
Meedercher nach ëmmer méi betraff wéi Jongen
Genau Zuelen, wéi vill Jugendlecher an eng Iessstéierung falen, ginn et hei zu Lëtzebuerg bis ewell keng. Et kann een awer behaapten datt méi Meedercher ewéi Jonge vun enger Iessstéierung betraff sinn. Dëst huet ënnert anerem mat gesellschaftlechen Erwaardungen, Schéinheetsidealer, a mat deem Drock, deen déi Jugendlech sech selwer maachen, ze dinn, esou d'Psychologin Isabelle Kieffer. Si erkläert datt traditionell an och statistesch méi Meedercher wéi Jonge vun enger Iessstéierung betraff sinn.
Social Media net onbedéngt als Ausléiser, mee als Katalysator
Skinny Tok eleng geet awer net duer fir eng Iessstéierung auszeléiesen. Vill Iessstéierungen hunn en anere Startpunkt wéi Onsécherheeten, emotional Problemer oder och eng schlëmm Erfarung, erkläert d'Psychologin. D'Plattforme wierken deemno als Facteur favorisant a kennen de bestoenden Problem verstäerken an d'Entwécklung vun enger Stéierung beschleunegen.
Och d'Strukturen an eisem Gesondheetssystem sti viru groussen Erausfuerderungen. D'Betreiungsplazen an der Jugendpsychiatrie si limitéiert an d'Waardezäiten dacks laang, esou d'Dr. Silvana Giachero. Si schafft als Kanner- a Jugendpsychiaterin an der Jugendpsychiatrie am HRS a gesäit reegelméisseg wéi séier sech aus dem Trend eng eescht Krankheet entwéckele kann.
Präventioun extreem wichteg
Präventiouns- a fréi Sensibiliséierungscampagnë spillen an dësem Kontext eng entscheedend Roll. Well Patientinne mat enger Iessstéierung besonnesch ufälleg fir Réckfäll sinn, gëtt d'Bedeitung vun enger kontinuéierlecher Begleedung ënnerstrach. D'Dr. Giachero verweist dobäi op eng wichteg Schwaachstell am System: Den Iwwergang vum stationären Openthalt an déi ambulant Versuergung ass nach net genuch ofgeséchert.
"Ich glaube, die ambulante Nachsorge ist super wichtig. Und nach dem, was man so mitbekommt, werden viele unserer Patienten, die entlassen werden, ein bisschen in ein Versorgungsloch entlassen. Das heißt, es gibt bei vielen Patienten keine nahtlose ambulante Weiterbehandlung, vor allem keine psychotherapeutische. Und das ist natürlich sehr riskant."
Skinny Tok ass also vill méi wéi just en neien Trend. Et ass en neie Spigel vun alen Idealer. Fir déi Betraffe geet et net nëmmen ëm e puer Kilo manner, mee ëm d'Identitéit, Selbstwäertgefill an am schlëmmste Fall ëm d'Liewen. Eng staark Präventioun, séier Hëllef a méi Bewosstsinn an der Gesellschaft si wichteg, fir géint dësen Trend ze wierken.