Gëschter um Dënschdeg hat déi franséisch Santé ronn 40 pasteuriséiert Kéiszorte vun der Firma Chavegrand zeréckgeruff, dorënner Camemberten, Brien a Chèvre, déi a grousse Supermarchéen a Frankräich an am Ausland verkaaft gi sinn.
Listerios ass besonnesch fir schwanger Fraen, eeler Leit, a Mënsche mat engem schwaachen Immunsystem geféierlech. Symptomer sinn änlech wéi bei enger Gripp: Féiwer, Kappwéi a Glidderschmerzen.