De Vott am Representantenhaus kéint schonn um Mëttwochowend eiser Zäit sinn.
D‘Propose gesäit vir, datt den aktuelle Budget bis Enn Januar verlängert gëtt. Wann dat ugeholl gëtt, kënnt dee längste Shutdown jeemools an den USA op en Enn.
Zënter dem 1. Oktober ginn Dausende Mataarbechter vun den Administratiounen net méi bezuelt. Wéinst dem Blockage vum Budget goufen och Dausenden intern Flich an den USA annuléiert, well net genuch Fluchkontrolleren disponibel sinn.