Radioen

On air

9 bis 1  |  C'est Karma - Pool Party

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Sexualiséiert Gewalt am Internet: Kanner ginn net genuch geschützt

9.000 Meldungen zejoert

Sexualiséiert Gewalt am Internet: Kanner ginn net genuch geschützt

D‘Kanner sinn am Internet der sexualiséierter Gewalt „ausgeliwwert“. Dat sot déi däitsch Mëssbrauchsbeoptraagt Kerstin Claus viru gutt zwou Wochen der däitscher Presseagence dpa. D‘Onlineplattforme misste méi an d‘Responsabilitéit gezu ginn.

auto_stories

4 min

headphones

5 min

Cybermobbing | © Adobe Stock/Jürgen Fälchle play_arrow
Foto: Adobe Stock/Jürgen Fälchle

Och zu Lëtzebuerg géif een déi Tendenz mierken, seet den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher, de Charel Schmit. D’Experten an Expertinne vu BeeSecure, déi sech fir ee sécheren Ëmgang mat digitalen Technologien asetzen, deelen dës Feststellung. 

Ronn 9.000 Meldunge sinn zejoert bei der Helpline vu BeeSecure, der sougenannter StopLine, eragereecht ginn.

Wat fält ënner illegaalt d‘Behuelen?

Dräi Zorte vun illegalem Online-Behuele kann een do online an anonym mellen. Diskriminéierung an Terrorismus a Virfäll u sexualiséiert Gewalt u Mannerjäregen – déi d‘lescht Joer 95 Prozent vun de Meldungen ausgemaach hunn.

Ënner illegaalt Behuele fält d‘Verschécke vu Biller a Videoen a soss Inhalter mat engem sexuelle Bezuch. Dat och ouni Averständnis vum Affer, erkläert den Igor Loran vu BeeSecure.

„Ein weiteres Phänomen wäre Grooming oder Cyber-Grooming. Da werden Fake-Profile erstellt von erwachsenen Personen oder von anderen Jugendlichen und der Kontakt zu den Opfern wird gepflegt im Sinne später sexuell übergriffig zu werden.“

Och d’Duerstelle vum Mëssbrauch u Kanner an d’Verbreede vun esou Filmer ka gemellt ginn.

Eng Tendenz déi europawäit zouhëlt

Wat och reegelméisseg virkënnt: D’Ex-Partner:innen, déi intim Videoen am Netz verëffentlechen - aus Revanche, wéi den Igor Loran seet. Et ginn nach eng ganz Rei aner Phenomener vu sexualiséierter Gewalt am Internet.

Dat wier eng grav Tendenz, déi europawäit zouhëlt, esou den Ombudsman fir Kanner- a Jugendlecher, de Charel Schmit. D’Affer wieren nämlech reell. D‘Schied, déi entstinn, wieren net offensichtlech. Net all Kanner a Jugendlecher hätten dat familiäert Ëmfeld, wou d‘Eltere kontrolléieren.

„Wou d’Eltere selwer iwwerfuerdert sinn, oder wou keng Elteren do sinn, déi kënnen hir Kanner an dem Beräich och schützen.“

D’Experten an Expertinne vu BeeSecure fannen, datt zu Lëtzebuerg scho ganz vill gemaach géif gi fir Kanner a Jonker ze schützen. Nieft dem Service National de la Jeunesse oder dem Kanner- a Jugendtelefon hätt een och eng gutt Zesummenaarbecht mat der Police.

Bis d‘Inhalter nees geläscht sinn ass vill Leed geschitt

Och hir Helpline géif gutt genotzt ginn. Soubal een Zweiwel hätt ob ee Bild oder e Video legal ass, kann een dat op StopLine mellen. Da géife si dat evaluéieren a wéi wäit dat wat gemellt gouf, illegal ass, an alles méiglech maachen, fir datt d’Biller aus dem Internet geläscht ginn. Mee an Tëschenzäit ass scho vill Leed ugeriicht.

„Das illegale Material produziert, oder zum Beispiel sexuelle Gewalt, Erpressung, non-consenual sharing of intimate images, sextorsion, grooming, das hat schon leider stattgefunden.“

Okaju: Et brauch eng Zort Europol fir Online-Inhalter

Et sinn d’Online-Plattformen – sief dat Pornosäiten oder awer d’sozial Medien – déi vill méi an d’Verantwortung misste gezu ginn, fuerdert dowéinst den Ombudsman Charel Schmit a weist drop hin, datt scho ganz laang iwwer d’Problematik diskutéiert gëtt.

„D’Europaparlament huet 1999 dat an enger Resolutioun an Aussiicht gestallt, an da gefuerdert datt et am Fong grad am Online-Beräich eng europäesch Agence brauch, e Genre Europol spezifesch fir de ganze Kannerschutz am Internet-Beräich.“

Bis haut gëtt et esou eppes nach net. 

Altersaschränkungen dogéint géifen et net fir Näischt scho ganz laang ginn. Elo misst d’Politik, souwuel op europäeschem wéi op nationalem Niveau, just nach de Courage weisen, fir beispillsweis och d’Technik an de Kannerschutz mat anzebannen.

Mat Hëllef vu Gesiichtserkennung verschidden Inhalter spären

Zum Beispill andeems d’Gesiichtserkennungssoftware genotzt gi fir verschidden Inhalter ënnert engem gewëssen Alter ze spären, proposéiert de Charel Schmit. 

Dat géif wäit goen, mee den Okaju bezitt sech ëmmer op d‘Kannerechtskonventioun.

„An ee vun de grousse Prinzippie vun der Kannerrechtskonventioun dat ass, datt d’Staate verflicht si fir alles ze maache fir Kanner virun all Forme vu Gewalt ze schützen.“

Vum Educatiounsministère heescht et, et wier een am gaangen e ganze Package auszeschaffen, fir d’Kanner op den Ëmgang mat der digitaler Welt besser ze preparéieren. Detailer wäert den Educatiounsminister Claude Meisch en Donneschden an enger Pressekonferenz presentéieren. 

Lauschterenplay_arrow