Do kann awer net jidderee einfach esou matmaachen. Fir Super Senior ze ginn, mussen d’Seniore fir d’éischt Tester a Formatioune maachen an dann eréischt kënne si an den Asaz.
Eng Ronn 15 Senioren a Seniorinne sëtzen zu Mamer an der Maison citoyenne zesummen un engem Dësch a freeën sech hir Schüler zougedeelt ze kréien. D’Aurélia Pattou, d’Organisatrice vum Projet Super Senior, erkläert wéi déi Kanner ausgesicht ginn, déi geschwënn Nohëllef vun de Seniore kréien. Zu Mamer gëtt et dee Projet nämlech elo och.
Tester a Formatiounen
D’Senioren déi sech hei versammelt hunn, hunn hir Super-Senioren Ausbildung an Tester ofgeschloss a gepackt. Dat ass dem Aurélia Pattou och wichteg. D’Eltere solle sech nämlech kënne sécher sinn, datt d’Senioren och kompetent sinn an de Fächer an deenen si hire Kanner hëllefen. Beim Projet stécht allgemeng vill Effort dohannert erkläert.
“Et moi, je vais alors compléter ce que j'appelle une checklist. Donc, cette checklist, c'est donc principalement pour prendre les informations correspondantes aux parents, l'enfant, le cycle d'études, la difficulté à rencontrer, la date de naissance, c'est pour voir aussi si l'enfant finalement est en phase avec son cycle ou s'il a du retard, les langues qui sont parlées à la maison et on va demander aussi déjà à quelle fréquence ils estiment, enfin ils veulent avoir de l'aide aux devoirs. Donc ça, c'est une checklist et ça va me permettre après de voir quel senior je peux attribuer."
No den Tester gehéieren och Formatiounen zum Super-Senior-Programm: Déi sollen de Senioren hëllefen, wéi si sech bei den Nohëllefstonnen am Beschten kënnen uleeën.
D’Maité an de Jacques erklären, datt d’Formatioune méi hëllefräich ware wéi si sech et erwaart haaten.
Eng eeler Generatioun mat Altruismus
D’Seniore widmen net nëmmen déi puer Stonne wärend deenen si Kuer ginn. Déi Motivatioun fir de Kanner ze hëllefen dréit sech och bis an d’Preparatioun vun de Kueren. D’Seniore sti souguer oft a Kontakt mat den Enseignanten. , erkläert d’Aurélia Pattou.
“Pour en fait mieux cibler le besoin de l'enfant. Et des fois, on a des enseignants qui collaborent beaucoup en donnant des exercices supplémentaires et des choses ainsi.”
D’Nohëllefscoursen am Kader vum Projet Super Senior ginn zwee Besoine gläichzäiteg un. Engersäits de Besoin vu Kanner déi Schwieregkeeten an der Schoul hunn an Hëllef bei hiren Hausaufgabe brauchen. Anerersäits d’Besoine vun de Senioren erkläert d’Aurélia Pattou, Direktesch vun der MEC ASBL.
“On a aussi finalement au Luxembourg une population vieillissante qui a encore beaucoup de choses à apporter à la société, donc les fameux seniors, et qui, voilà, ont de l'expérience, ont du temps et ils ont aussi de l'énergie et qu'ils ont aussi, certains ont beaucoup d'altruisme. Ils ont envie de rendre à la société.”
All d’Super Senioren si sech eens: Zum alen Eise wëllen si net gehéieren. Si wëlle weiderhin hiert Wëssen notzen. Wéi d’Senioren erklären, sinn et och fir si ganz nei Erfarungen.