D‘Zil vun der Regierung ass et, mat dësem Cours engem Prozent vun der Gesellschaft eng Grondausbildung an der Kënschtlecher Intelligenz ze ginn, erkläert d‘Claudine Kariger. Si ass Conseillère am Staatsministère fir Mediepolitik a fir digital Politik.
De Cours kann all Persoun mat an ouni techneschem Wësse maachen. Am Cours léiert een zum Beispill den Ënnerscheed tëschent enger narrow (enker) KI an enger allgemenger KI.
0,8 Prozent hunn de Cours scho gemaach
Zënter 2021 gëtt de Cours ugebueden. 0,8 Prozent vun der Populatioun hunn de Cours bis elo absolvéiert. Dovun de Gros aus der Fonctioun Publique an der Educatioun. Eng 40 Prozent vun de Leit, déi de Cours gemaach hu kommen aus dem Privatsecteur.
Och wann d‘Zil vun engem Prozent erreecht ass, wäert de Cours weidergefouert ginn, betount d‘Claudine Kariger.