Et goufen éischt Informatiounen aus dem Verhéier vun deenen zwee publizéiert. Esou hätte si net gewosst, datt si géifen an e Krichsgebitt geschéckt ginn, soll ee vun deenen Zwee gesot hunn.
Déi nordkoreanesch Truppen, déi op russescher Säit an der Ukrain kämpfen, hätte substantiell Verloschter, heescht et weider vun de Gefaangenen.
Et gëtt geschat, datt Nordkorea 12.000 Mann a Russland geschéckt huet, fir do beim Krich an der Ukrain ze hëllefen.
Déi ukrainesch Arméi huet Deeler vun där Regioun zënter e puer Méint besat. Dem Selenskyj no soll d‘Press Accès zu de Prisonéier kréie fir kënnen ze dokumentéieren, wat geschitt.
Ukrainesche Sourcen no sollen tëscht 10.000 an 12.000 nordkoreanesch Zaldote fir Russland kämpfen. Dat virun allem an der Regioun vu Kursk.