D‘Fluggesellschaft Aserbaidschan Airlines sot haut um Freideg, de Fliger wier erofgefall wéinst enger "physescher an technescher Awierkung vu baussen“. Aus Sécherheetsgrënn huet Aserbaidschan Airlines bis op Weideres all Flich vu Baku an 10 russesch Stied gestoppt.
Vill Aviatiouns-Experte soten an Interviewen, si géifen dervun ausgoen, datt de Passagéierfliger ongewollt vun enger russescher Ofwierrakéit getraff gouf.
Déi Hypothees gëtt verstäerkt duerch eng Ausso op Telegramm vum Chef vun der russescher Agence fir Zivilaviatioun: Hie sot, datt Grosny um Dag vum Crash ënner Beschoss vun ukraineschen Drone koum, an datt déi russesch Ofwiersystemer an der Regioun dowéinst aktivéiert waren.