Gëschter um Dënschdeg hat d‘Ukrain behaapt, datt se zwee chineesesch Zaldote bei Kämpf am der Regioun Donezk gefaange geholl hätt. Den ukrainesche President Wolodymyr Selenkij hat eng deementspriechende Video gewisen a gesot, et géif Hiweiser ginn, datt méi Zaldoten aus China un der Säit vu Russland géife kämpfen.
Den Ausseministère zu Washington huet déi Behaaptung beonrouegend genannt.