Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Momma - Bottle Blonde

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Donald Trump behaapt op en Neits d'Ukrain hätt de Krich ugefaangen

Krich an der Ukrain

Donald Trump behaapt op en Neits d'Ukrain hätt de Krich ugefaangen

Den Donald Trump sot weider, den ukrainesche President wier zesumme mam russesche President Wladimir Putin, responsabel fir "Milliounen Doudeger" an der Ukrain.


auto_stories

1 min

© picture alliance / SvenSimon-ThePresidentialOfficeU | Presidential Office of Ukraine
(Foto: picture alliance / SvenSimon-ThePresidentialOfficeU | Presidential Office of Ukraine)

Den Trump sot och, de Wolodymyr Selenkij hätt net däerfen e Krich ufänke géint e Land dat 20 mol méi grouss ass wéi d‘Ukrain. Seng Aussoe koumen no der russescher Rakéiten-Attack vun e Sonndeg op déi ukrainesch Stad Sumy, bei der 34 Leit ëm d‘Liewe komm sinn.

Déi Attack gouf vun der Ukrain hiren Alliéierte schaarf verurteelt. Den Donald Trump sot, et wier e Feeler vu Russland gewiescht.