search

/ Pëtrolskris: No Moskau proposéiert och Selenskyj keng Energie-Sitte méi unzegräifen

Ukrainkrich

|
reading time

1 min

Pëtrolskris: No Moskau proposéiert och Selenskyj keng Energie-Sitte méi unzegräifen

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet Russland proposéiert, déi géigesäiteg Attacken op Energieinfrastrukturen ze stoppen. Dat wéinst der Pëtrolskris, déi duerch de Krich am Noen Osten entstanen ass.

reading time

1 min

Pokrowsk | © picture alliance / SZ Photo | Friedrich Bungert
Pokrowsk (Foto: picture alliance / SZ Photo | Friedrich Bungert)

Déi lescht Wochen hate béid Länner d‘Attacken op Energieinfrastrukture intensivéiert. Elo wier eng Demande vu Moskau komm, fir datt d‘Ukrain keng Pëtrolssitten a Russland méi soll bombardéieren. Den ukrainesche President sot, datt d‘Ukrain géif domadder ophalen, wa Russland dann och d‘Attacken op ukrainesch Anlage géif stoppen.