arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Kiew nees ënner Beschoss - Selenskyj fuerdert bessere Schutz vum Loftraum 

Krich an der Ukrain

|
headphones

1 min

Kiew nees ënner Beschoss - Selenskyj fuerdert bessere Schutz vum Loftraum 

Bei russeschen Dronenattacken op déi ukrainesch Haaptstad Kiew sinn hënt 3 Persounen ëm d’Liewe komm. De Buergermeeschter Witali Klitschko sot, doriwwer eraus wiere 27 Leit verwonnt ginn, dorënner 6 Kanner.

headphones

1 min

Ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj | © picture alliance/dpa | Fabian Sommer
Ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj (Foto: picture alliance/dpa | Fabian Sommer)

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet seng Partner dozou opgeruff, den ukrainesche Loftraum ze schützen. An der Nuecht vu Freideg op Samschdeg wieren och well op d'mannst 4 Mënsche bei russeschen Attacken ëm d‘Liewe komm. 20 Leit wiere blesséiert ginn.

Wärenddeem huet ee russeschen Top-Diplomat, de Kirill Dmitrijew, gëschter um Samschdeg eng iwwerraschend Ausso gemaach: Russland, d‘USA an d‘Ukrain wieren enger diplomatescher Léisung ganz no. Wouhier deen Optimismus kënnt, huet de Moskauer net erkläert, mee hien huet et awer begréisst, datt den ukrainesche President ugekënnegt hat, déi aktuell Frontlinn als Basis fir d‘Gespréicher ze akzeptéieren.

Bis ewell hat de Selenskyj gefuerdert, Russland misst sech hanner d‘Grenzen zeréckzéien. Wéi een Engagement Russland géif bei diplomatesche Léisunge maachen, huet den Dmitriew iwwerdeems net gesot.

Den US-President Donald Trump huet iwwerdeems um Wee a Malaysia erkläert, hie géif seng Zäit net domat verléieren, eng weider Reunioun mat sengem russeschen Homolog Wladimir Putin ze fixéieren, wa keen Accord fir en Enn vum Krich en Vue wier.