Radioen

On air

De Weekend  |  Joe Jackson - Steppin' Out

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Selenskyj: D'Ukrain braucht méi Loftofwiersystemer

Krich an der Ukrain

Selenskyj: D'Ukrain braucht méi Loftofwiersystemer

Den Ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet sech oppe gewise fir eng Waffeliwwerung aus den USA op Kredit. Hie géif all Optioun akzeptéieren, déi sengem Land et géif erlaben am Kampf géint déi russesch Invasioun ze handelen.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance

D’USA si mat enger Waffenhëllef an Héicht vu 40 Milliarden Euro dee gréisste Partner vun der Ukrain. Mee wéinst engem Sträit tëscht den Demokraten an de Republikaner am US-Kongress läit eng weider Hëllef op Äis.

De Wolodymyr Selenskyj sot an engem Interview, datt d’Ukrain zwou Dose Patriot Loftofwiersystemer géif brauche fir de Schutz géint russesch Rakéiten ze garantéieren.

De Patriot-System oder deen däitschen IRIS-T wiere bis elo effikass gewiescht. An der Regioun Donetsk gouf et op en Neits Artillerieattacke ei deene fënnef Zivilsten ëm d’Liewe komm sinn.