Radioen

On air

Moiesstudio  |  Moiespanorama

play_arrow Live
search

/ Seine nach net propper genuch fir Triathlon-Training

Olympesch Spiller

Seine nach net propper genuch fir Triathlon-Training

Bei den Olympesche Spiller zu Paräis kënnen d‘Triathleeten- an Athleetinnen och haut net an der Seine trainéieren. D'Waasserqualitéit wier ëmmer nach net gutt genuch, hunn d'Organisateure matgedeelt. Domat gouf och deen zweeten Training fir den Triathlon an der Seine ofgesot.

auto_stories

1 min

Seine | © picture alliance / HMB Media | Steffie Wunderl
Seine (Foto: picture alliance / HMB Media | Steffie Wunderl)

Dee ville Reen Enn vun de leschter Woch hätt en negativen Impakt op d'Waasserqualitéit gehat, esou d'Organisateuren. Wéinst dem sonnege Wieder elo weise si sech awer zouversiichtlech, datt d'Waasserqualitéit bis muer gutt genuch wäert sinn, fir d'Schwammepreuve vum Triathlon awer an der Seine kënnen ofzehalen.