Radioen

On air

Notturno  |  Bernice - Second Judy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Olympia zu Paräis: E lukratiivt Event?

Wirtschaftleche Réckbléck

Olympia zu Paräis: E lukratiivt Event?

E Sonndeg goungen déi Olympesch Spiller zu Paräis op en Enn. Knapp dräi Woche stoung déi franséisch Haaptstad komplett am Zeeche vum Sport. Esou ee Megaevent huet natierlech och Konsequenze fir déi lokal an national Wirtschaft. Wéi staark ass den Impakt vun de Spiller op d'Finanzen an déi lokal Betriber? 

auto_stories

3 min

headphones

4 min

Paräis | © picture alliance / NurPhoto | Vincent Koebel play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Vincent Koebel

Max Tholl (Paräis)

D'Organisatioun vun den Olympesche Spiller zu Paräis hätt eng Goldmedail verdéngt: Mat ongeféier 9 Milliarden Euro louch de Budget fir dës Olympiad däitlech ënner deem vun de Virgänger. Och wann enger Etüd vun der Fondation IFRAP no nach gutt 2 Milliarden zousätzlech indirekt Käschte kéinten dobäi kommen, dorënner Primme fir d'Mataarbechter am ëffentlechen Transport oder d'Aarbechte fir d'Waasserqualitéit an der Seine ze verbesseren.

Et kënnt op déi indirekt Impakter un

Och op der Säit vun de Recetten ass et nach schwéier een definitive Bilan ze zéien. D'Tourismusministerin Olivia Grégoire huet matgedeelt, datt iwwer déi nächst 15 Joer ongeféier 9 Milliarden Euro kéinte generéiert ginn.

Den Ekonomiste Luc Arrondel vun der Paris School of Economics mengt, datt een och de Bléck op déi indirekt wirtschaftlech Impakter misst riichten.

“Il y a peut-être plus les effets d’héritage, ça sera plus par l’intermédiaire des infrastructures renouvelées et nouvelles. Il y a aussi des analyses en bien-être: quand on regarde tout l’enthousiasme que les JO ont suscité, là il peut y avoir un effet sur l’économie.”

Kënnen d'Spiller iwwerhaapt e laangfristegen Impakt hunn?

Datt Paräis a Frankräich elo dräi Woche laang am Mëttelpunkt stoungen, wier natierlech och fir den Image vu Stad a Land gutt a kéint sech positiv auswierken.


“Il peut y avoir un effet de notoriété, ça peut aussi avoir un effet sur les investisseurs potentiels, mais tout ça, c’est difficile à mesurer.”

20 Prozent méi Iwwernuechtungen wéi an de Virjore gouf et zu a ronderëm Paräis wärend de Spiller. Insgesamt koumen ongeféier 11 Millioune Visiteuren an d'Haaptstad. Datt doraus awer ee längerfristegen Tourismusboom entsteet, gleeft de Luc Arrondel net onbedéngt. 

“Est-ce qu’il va y avoir un effet sur le tourisme, sachant que c’est déjà une des villes les plus touristiques du monde? C’est la question, qu’on peut se poser.”

Gemëschte Bilan bei Hoteller a Restauranten

A wéi hunn dann d'Hoteller a Restauranten an der Haaptstad d'Spiller erlieft? Am 11. Arrondissement ass d'Bild net esou kloer. Virun allem déi zwou Woche virun de Spiller wier et op ville Plazen ongewinnt eidel gewiescht.


“Dans les premières semaines, on n'a pas eu beaucoup de monde, mais pendant les JO - surtout les soirs - on a eu beaucoup d’étrangers."

"Peut-être il y a une augmentation pendant les JO, mais il y aura des pertes si on fait le total (de l’été)."

"Ça a beaucoup stressé les hôtels, mais au final on est comme d’habitude.”

De positive wirtschaftlechen Impakt vun de Spiller wier zwar plazeweis spierbar, a Relatioun mam nationale PIB vun 2.800 Milliarde wieren déi geschätzten 9 Milliarden awer relativ onbedeitend, esou de Luc Arrondel.

Lauschterenplay_arrow