arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Schwieregt Joer fir Frankräich: Budget, Walen a Bléck op 2027

Ausbléck

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Schwieregt Joer fir Frankräich: Budget, Walen a Bléck op 2027

No engem turbulenten 2025, erwaarde Frankräich am neie Joer net manner Erausfuerderungen. Grouss politesch Chantieren, Gemengewalen an e Waarmlafe fir d’Presidentielle 2027 stinn um Programm.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Neijoerschusprooch vum Emmanuel Macron  | © EPA/SEBASTIEN NOGIER
Neijoerschusprooch vum Emmanuel Macron (Foto: EPA/SEBASTIEN NOGIER)

En nëtzlecht Joer soll et ginn, sot de President Emmanuel Macron a senger Neijoerschusprooch. No engem Joer voller politescher Instabilitéit a Stagnatioun soll d’Regierung elo zesumme mam Parlament nees d’Land virubrengen.

De Budget

Schonn an den nächste Woche steet eng immens grouss a schwéier Erausfuerderung um Plang: Dem Land e Budget ginn. Déi éischt Partie vum Budget huet et schonn duerch d’Parlament gepackt, bei der zweeter wäert et awer vill Verhandlungsgeschéck a Kompromësser brauchen.

Zu den anere grousse Chantieren zielt den Emmanuel Macron ënner anerem d’Stierfhëllefgesetz, wat am Januar nach duerch de Senat muss. Och wëllt d’Regierung direkt am Januar e Gesetz presentéieren, fir d’sozial Medie fir Jonker ënner 15 Joer ze verbidden.

Appellprozess géint d’Marine Le Pen

Och baussent de Mauere vum Parlament sti wichteg Entscheedunge fir d’Land un. Am Januar a Februar leeft den Appellprozess géint d’RN-Leaderin Marine Le Pen wéinst Verontreiung vu Suen.

Een Urteel, wat entscheede wäert, ob si sech bei der nächster Presidentielle ka presentéieren. Am Mäerz sinn och Gemengewalen, déi villäicht schonn e kléngt politescht Stëmmungsbild wäerte liwweren.

De Bléck vun der franséischer Politik riicht sech awer schonn a Richtung Presidentielle 2027. De Walkampf fir dës wäert da wuel Enn vum Joer esou richteg lass goen.

Den Emmanuel Macron huet a senger Usproch nach eemol ënnerstrach, datt hien net plangt fréizäiteg d’Amt ze verloossen. Net manner spannend wéi 2025 deit sech d’Joer un, mee hoffentlech e wéineg manner turbulent.

play_arrow Lauschteren