Am zweete Prozess, de leschte Mount, war et ëm d’Fro gaangen, wie Schold hat un engem déidlechen Accident, an der Nuecht op den 1. Mee 2023, op engem Feldwee tëschent Ell an Uewerkolpech.
Do hat e jonke Mann en anere Jonken iwwerranr, deen do geleeën hat. Am éischte Prozess hat de Chauffeur zwee Drëttel an d’Affer een Drëttel Schold doru kritt.
Dobäi bleift et also nom Appelprozess.
Op strofrechtlechem Plang war de Chauffeur ënner anerem zu enger Prisongsstrof vun engem Joer mat Sursis an zu engem Fuerverbuet vun dräi Joer veruerteelt ginn.