Mir sinn am Sozialkundeunterricht an dëser 10. Klass am grenziwwerschreidende Schengen-Lycée zu Pierel am Saarland. Dës Schoul hëlt Schüler onofhängeg vun hirer Nationalitéit, hirer Mammesprooch an hirem Wunnsëtz op, erkläert d’Sekretärin vum Schengen-Lycée, d'Sabine Schneider.
"Die Klasse ist bunt gemischt, viele Nationalitäten drin, manche deutsche Kinder haben jetzt schon ihre Wahlkarten erhalten."
"Eng Chance, sech esou fréi kënne mat anzebréngen"
Zanter Ouschtere gëtt am Fach Sozialkunde iwwer d’Europäesch Unioun geschwat, erzielt eis d’Enseignante Jil Brocker.
"D’Iddi war eigentlech, datt ech mir geduecht hunn, fir datt si selwer drop kommen, firwat et wichteg ass, wielen ze goen, datt si selwer Reklamm maache fir d’EU-Walen. Dat heescht, si mussen elo e Video maache fir Jonker ze motivéiere fir wielen ze goen. Dat ass elo eigentlech hir Aufgab, an doru schaffe si grad. Si si motivéiert, si wësse vill."
An der Klass am Schengen-Lycée si 17 Schülerinnen a Schüler. Een Deel vun hinne kann ee Sonndeg wiele goen, een aneren Deel net.
Eng vun de Schülerinnen, déi bei dësen Europawalen eng éischte Kéier ka wiele goen, ass déi 16 Joer jonk Josephine.
"Ich freue mich drüber, weil ich Politik sehr spannend finde, und ich will auch selber Politikerin werden, deshalb ist es eine unglaubliche Chance, finde ich, sich so früh einbringen zu können."
Informatiounen iwwer d’Europawale kritt d’Josephine net nëmmen an hirer Schoul, huet si eis erkläert. Iwwer Zeitungen, Social Media a Walprogrammer informéiert déi jonk Schülerin sech iwwer d'Walen an d'Parteien.
Och déi Jonk fäerten e Rietsruck
Iwwer d’Walprogrammer, Artikelen a Videoen informéiert sech och den Tim, deen ee Sonndeg och eng éischte Kéier ka wiele goen. Den Tim ass awer der Meenung, datt et bei den Europawalen ee Rietsruck wäert ginn.
"Die Bevölkerung wird, glaube ich, unzufriedener. Und dadurch können radikale Elemente eher an Unterstützung gewinnen."
Am Fach Sozialkunde vun der Enseignante Jil Brocker am Schengen-Lycée zu Pierel gouf an de leschte Wochen och iwwer Protestwieler geschwat, an doriwwer, wéi wichteg et ass, iwwerhaapt wielen ze goen.
"Ech hoffen och, datt der vill wiele ginn, vun deenen, déi kënne wiele goen. Et ass natierlech schued, datt et esou gedeelt ass: déi lëtzebuergesch Jonk, déi dierfen net wiele goen."
Dozou gehéiert d’Schülerin Elise, déi déi lëtzebuergesch an déi franséisch Nationalitéit huet. Si kann dëse Sonndeg nach net wiele goen. Dat, well d'Elise nach zu Lëtzebuerg wunnt, an een hei eréischt vun 18 Joer un dierf wiele goen.
Déi jonk Fra bedauert, hir Stëmm bei den Europawalen net kënnen ofzeginn.
"Ich finde es schon schade. Aber ich muss auch sagen, ich habe mich nicht so viel darüber informiert. Ich denke, hätt ich die Chance gehabt zu wählen, dann hätte ich mich auch besser darüber informiert und ich würde mich auch freuen darüber."
Net jidderee bedauert et
Och de Schüler Yeray ka bei den Europawalen 2024 nach net mat decidéieren. Hien ass Spuenier, lieft zu Lëtzebuerg an huet eréischt 15 Joer.
"Dat heescht och an Däitschland kéint ech net wiele goen. Mee eigentlech ass et net esou ee grousse Problem, well ech fannen, datt mat 15, 16 (Joer) ass viläicht e bëssen ze fréi an ze vill Responsabilitéit fir eng Persoun esou ze wielen, well mir sinn nach ëmmer scho jonk, a mir verstinn nach net alles iwwer Politik."
Och d’Schülerin Filia aus der Klass 10G ass der Meenung, datt vill Jonker vu 16 Joer nach net prett wiere fir wielen ze goen, a si hätten net déi néideg Anung. Déi jonk Schülerin selwer kann awer ee Sonndeg hir Stëmm bei den Europawalen ofginn.
"Ehrlich gesagt weiss ich noch gar nicht genau, was ich da tun soll, weil ich fühle mich schon sehr jung dafür. Aber ich bin auf jeden Fall gespannt und aufgeregt auch."
Baussent der Schoul huet d’Schülerin Filia sech nach net geziilt iwwer d’Europawalen informéiert. Iwwer déi sozial Medie kommen awer och bei hir Saachen doriwwer un.
"Über die Wahlen kommen bei mir (...) viele negative Informationen rüber, weil ich meistens nur das Negative von den Parteien mitbekomme, oder gesagt wird, ja, wähl nicht das, oder wähl nicht das. Und deswegen würde ich mich gerne damit ein bisschen auseinandersetzen, um mir ein eigenes Bild zu machen."