arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 14 Joer ale Jong schéisst mat Pistoul an der Géigend Bangkok - Op d'mannst 8 Doudeger

Thailand

|
reading time

1 min

14 Joer ale Jong schéisst mat Pistoul an der Géigend Bangkok - Op d'mannst 8 Doudeger

Ee Jugendlechen huet mat enger Pistoul fir d'éischt seng zwee Grousselteren an duerno fënnef weider Mënschen a senger Schoul erschoss. Duerno soll hie sech selwer ëmbruecht hunn, mellen déi lokal Medien. Weider 15 Mënsche wiere blesséiert ginn.

reading time

1 min

Thailännesch Police | © picture alliance / Pacific Press | Teera Noisakran
Thailännesch Police (Foto: picture alliance / Pacific Press | Teera Noisakran)

Eréischt am Februar hat ee Jugendlechen a senger Schoul ronderëm geschoss an dobäi den Direkter ëmbruecht an aner Schüler:inne blesséiert. Am Joer 2022 hat e fréiere Polizist 24 Kanner an 12 Erwuessener am Norden vum Land mat enger Pistoul an engem Messer ëmbruecht. 

An Thailand besëtze vill Mënsche Waffen. Schätzungen no si ronn 10 Millioune Waffen am Ëmlaf - deemno hätt all siwente Bierger eng Waff.