Radioen

On air

Concert  |  Vu Korngold iwwer Bartók bis Boulanger

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Donald Trump gëtt säi Strofmooss am Schweigegeld-Prozess den 10. Januar gewuer

USA

Den Donald Trump gëtt säi Strofmooss am Schweigegeld-Prozess den 10. Januar gewuer

Den designéierten US-President Donald Trump gëtt säi Strofmooss am sougenannte Schweigegeld-Prozess den 10. Januar, also nächste Freideg gewuer. Dëse Rendez-Vous huet den zoustännege Riichter elo festgeluecht.

auto_stories

1 min

Donald Trump | © picture alliance / NurPhoto | John Lamparski
Foto: picture alliance / NurPhoto | John Lamparski

Deen huet awer och schonn annoncéiert, datt et keng Prisongsstrof wäert ginn.
Den DonaldTrump huet op en Neits vun enger politescher Attack geschwat. Säi Verdeedeger sot, säi Mandant dierft net doru gehënnert ginn, nëmmen e puer Deeg virun der Amtsaféierung den Iwwergangsprozess virun dem Muechtwiessel zu Washington virunzeféieren.

Den Donald Trump gouf zejoert schëlleg gesprach, well hien een Transfert vun 130.000 US-Dollar un eng fréier Porno-Actrice verschleiert soll hunn.