Den Autoritéiten no war d‘Schëff iwwerlueden a net fir Transporter vun esou ville Leit gëeegent. Fënnef Leit konnte bis elo aus dem Mier gerett ginn. Et gëtt no weidere Vermësste gesicht.
Déi meescht vun de Leit u Bord hätte virun enger Cholera Epidemie op eng Insel wëlle flüchten. Am Mosambik, engem vun den äermste Länner op der Welt, goufe 15.000 Fäll vu Cholera registréiert. 32 Leit sinn zanter Oktober un der Krankheet gestuerwen.