Den Inneministère huet eng Stellungnam vum Schäfferot gefrot, déi en der Buergermeeschtesch no mëttlerweil kritt huet. De Minister géif d’Reaktioun vum Schäfferot ofwaarden an décidéiert a Funktioun dovun ob de Schäfferot opgefuerdert gi muss déi néideg Mesuren ze huelen, heescht et dozou vum Inneministère.
Soulaang den Inneministère sech net aschalte géif, well de Schäfferot d’Suen, déi fir hier Zousazversécherung un d’Assurance gaange sinn net rembourséieren. Genee dat verlaangt awer d’Oppositioun, bestoend aus der CSV, deene Gréngen an der DP. Bis den Inneministère sech net aschalte géif, géif een dat awer net maachen, heescht et vun der Buergermeeschtesch vun der Biergerlëscht “Är Leit” Marguy Kirsch-Hirtt.
“Mir verschléissen eis där Léisung absolutt net. Also ech mengen dat war dat Éischt, wat mir diskutéiert hunn, mee mir hunn awer och gesot, mir loossen déi Saach do awer net einfach elo esou am Sand verlafen, mir wëllen awer och gär Äntwerten hunn op eis Froen. Dat ass eeben eise Standpunkt de Moment. Mir hätten och gär Äntwerten op déi Froen, déi mir ze stellen hunn an dann decidéiere mer, wat mer maachen, wéi mer eis verhalen a wéi mer déi Sue recuperéieren.”
Net am Gemengegesetz virgesinn
Zënter 2018 konnten de Luerenzweiler Schäfferot, esou wéi d’Gemengepersonal vun enger Zousazkrankeversecherung profitéieren. Konform mam Gemengegesetz ass dat awer net. Vum Ministère heescht et dozou: D’Fonctionnairen an d’Employés communaux kréien als Rémunératioun just déi, déi vum Gesetz virgesinn ass. Eng Zousazkrankeversecherung ass net vum Gesetz virgesin.
Datt et déi Assurance gëtt, ass awer eréischt beim Rapport vum Budget vun 2023, deen am Juli dëst Joer votéiert ginn ass opgefall. Bannent fënnef Joer hätt d’Gemeng Luerenzweiler ronn 140.000 Euro fir dës Zousazkrankeversecherung ausginn, heescht et vum Inneministère. Genee dem hätt bei sengem alljärleche Contrôle vun de Gemengekonten missen opfalen, datt déi onerlaabten Zousazversécherung doran enthale wier an deemno och de Schäfferot dorop hiweise mussen, fënnt déi aktuell Buergermeeschtesch Marguy-Kirsch Hirtt vun der Biergerlëscht “Är Leit”.
“Dee Kontrakt, säit 2019 stoung deen am Budget an e stoung och an an ass och jo dann an de Konte kontrolléiert ginn. Mir hunn eis Budgete vun 2019 bis 2025 ëmmer ofgeseent kritt vum Ministère, ouni datt do iergendeppes, eng Réckfro oder eng Kontestatioun zu där Assurance complémentaire do ausgeschwat ginn ass.”
Op Drock vun der Oppositioun hin, gouf de Kontrakt mat der Assurance mëttlerweil fir de Schäfferot annuléiert. Fir d’Gemengepersonal bleift en awer weiderhi bestoen. Dat hätt een och unanime am Gemengerot esou gestëmmt, esou nach d’Marguy Kirsch-Hirtt. Dem Intérieur no wier awer och dat net konform mam Gemengegesetz. An der Stad Lëtzebuerg géif dat awer och gemaach ginn, argumentéiert déi Luerenzweiler Buergermeeschtesch an et géif een elo an där Hisiicht op d’Äntwert vum Ministère waarden.