arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iwwer d'Veräiner d'Zesummeliewen an der Grenzregioun stäerken

Alzette-Belval

|
headphones

2 min

headphones

11 min

play_arrow

Iwwer d'Veräiner d'Zesummeliewen an der Grenzregioun stäerken

Et ginn iwwerraschend wéineg Lienen tëschent den 13 lëtzebuergeschen a franséische Gemengen Alzette-Belval. Dowéinst huet de Groupement Européen de Coopération Transfrontalière, kuerz GECT, Veräiner aus der Géigend opgeruff, bis Mëtt August hir Iddie fir gemeinsam Projeten eranzereechen.

headphones

2 min

headphones

11 min

play_arrow
© Jo Diseviscourt
(Foto: Jo Diseviscourt)

De Groupement Européen de Coopération Territoriale, kuez GECT, huet e Concours an d'Liewe geruff fir d'Zesummeliewen an der Grenzregioun am Süde vum Land ze stäerken. De Lien tëschent den 13 Alzette-Belval Gemengen, zu deenen ënner anerem déi lëtzebuergesch Uertschaften Esch-Uelzecht, Monnerech a Suessem gehéieren, wéi och déi franséischen Dierfer Villerupt, Audun-Le-Tiche oder Ottange, ass iwwerraschend geréng.

1.000 Euro Präisgeld

Fir dat ze änneren huet de GECT Veräiner aus dëse Gemengen dozou opgeruff, Iddien auszeschaffen, wéi een d'Zesummeliewen dynamiséiere kéint. Bis den 13. August hunn d’Veräiner nach Zäit hir Projeten anzereechen. Déi dräi interessantst Projete gi mat 1.000 Euro Präisgeld ënnerstëtz, wéi d'Léa Cardoso Fonseca am 100,7-Interview erkläert.

D'Veräiner kréien d'Suen deemno ier de Projet ofgeschloss ass, esou déi Responsabel, notamment fir d'Veräiner bei der Ëmsetzung ze ënnerstëtzen. Nieft dem finanzielle Volet hëlleft de GECT de Veräiner och de Projet ënner d'Leit ze bréngen.  

"Alors concrètement, tout type d'idée est la Bienvenue."

Dat kéinte grenziwwergräifend Fussballturnéiere sinn, Foto-Expositiounen oder Projeten tëschent Jugendhaiser oder an der portugisescher Communautéit, déi op biede Säite vun der Grenz ganz staark vertrueden ass.

Eng Kultur ass am entstoen 

De GECT gëtt et schonn zënter 2013. Iwwer 10 Joer ass de Gruppement schonn am Territoire, wéi d’Grenzregioun genannt gëtt, aktiv. Sief et am kulturellen Domaine, dem Sport oder bei ekologesche Projeten. Et wier amgaange sech eng Kultur um Territoire ze forméieren, esou nach d'Léa Cardoso Fonseca

play_arrow Lauschteren