Den Nicolas Sarkozy war virdrun zu engem Joer Prisong – dovu 6 Méint fest – verurteelt ginn. Allerdéngs muss hien déi 6 Méint net am Prisong ofsëtzen. Denkbar wier eng Foussfessel.
Et geet an der Affaire Bygmalion ëm d‘illegal Finanzéierung vum Sarkozy senger Walcampagne 2012. Hien a säin Team sollen deemools ronn 20 Milliounen Euro ze vill ausginn hunn fir seng gescheitert Re-Elektioun.
Et geet hei iwweregens net ëm déi sougenannt Libyen-Affaire, wéinst der de Sarkozy verurteelt gouf a rezent fir e puer Deeg am Prisong souz. Den Appell-Prozess an deem Dossier ass fir d‘Fréijoer d‘nächst Joer ugesat.