arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sand fir Kanner zu Lëtzebuerg net mat Asbest belaascht

Gesondheet

|
reading time

1 min

Sand fir Kanner zu Lëtzebuerg net mat Asbest belaascht

Zu Lëtzebuerg gouf kee Sand fir Kanner fonnt, deen Asbest-belaascht war. Dat äntwert den DP-Wirtschaftsminister Lex Delles op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP.

reading time

1 min

Déi belsch Autoritéiten haten eng schwaarz Lëscht erausginn, mat Spillsand dee verseucht wier. Doropshin hätt de Lëtzebuerger Institut ILNAS kontrolléiert, ob där Sandzorten och hei am Land a Geschäfter oder online géifen ugebuede ginn. Dat wier awer net de Fall gewiescht.

Doriwwer eraus huet d'ILNAS 7 Echantillone vu Spillsand vun anere Marken iwwerpréift, déi hei am Handel sinn. Do goufe bei 6 Echantillone keen Asbest festgestallt. Bei engem Echantillon wier eng minimal Quantitéit festgestallt ginn. Déi louch awer wäit ënner der gesetzlech virgeschriwwener Limitt.