arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Saarland wëllt mat Pilotprojet Femizide verhënneren

Däitschland

|
headphones

1 min

Saarland wëllt mat Pilotprojet Femizide verhënneren

Am Saarland gëtt de Pilotprojet fir Femiziden ze verhënneren, weider ausgebaut. De Pilotprojet besteet dobäi aus dräi Phasen.

headphones

1 min

An de leschten zwee Joer gouf et op d‘mannst 8 Fäll viru Geriicht, bei deenen e Mann probéiert huet seng Partnerin oder Ex-Partnerin ëmzebréngen, esou d‘Recherche vum Saarländischen Rundfunk.

Den neie Pilotprojet besteet aus dräi Phasen: Als éischt aus engem Screening, dann aus enger méi genauer Analys an an enger drëtter Phase kann d‘Direktioun d‘Moossname géint den Täter weider verstäerken. De Pilotprojet soll vu Fréijoer un op dat ganzt Saarland ausgedeent ginn.

De Fraennoutfruf huet de Projet als sënnvoll agestuuft, well duerch een High-Risk-Management d‘Eskalatioun kéint reduzéiert ginn. Et bräicht awer ëmmer nach eng besser Finanzéierung vu Berodungsplazen a méi Kooperatioun tëschent der Police, der Justiz an der Afferberodung.