arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ STATEC: Lëtzebuerger Wirtschaft soll bis 2027 acceleréieren

note de conjoncture

|
headphones

2 min

headphones

1 min

play_arrow

STATEC: Lëtzebuerger Wirtschaft soll bis 2027 acceleréieren

Positiv Signaler fir déi Lëtzebuerger Ekonomie gesäit de STATEC, a senger zweeter Note de conjoncture. Fir dëst Joer ginn d‘Ekonomistë vun enger moderater Acceleratioun vum Wuesstem bis 2027 aus. An dat trotz ganz groussen Onsécherheete virun allem an der amerikanescher Handelspolitik.

headphones

2 min

headphones

1 min

play_arrow
D'Pressekonferenz vum Statec den 9. Dezember 2025 | © Jacques Ganser
D'Pressekonferenz vum Statec den 9. Dezember 2025 (Foto: Jacques Ganser)

Mir kéimen aus enger Zäit vun enorm héijen Onsécherheeten. Déi Onsécherheete wieren nach net komplett verschwonnen, mee par rapport zu deem Zenario, deen ee sech hätt kënne virstellen, wier d‘Situatioun däitlech besser, esou de STATEC-Direkter Tom Haas zum internationale Kontext.

Eskalatioun am Handelskrich ass ausbliwwen

No dräi Joer Stagnatioun géif sech déi Lëtzebuerger Ekonomie nees erhuelen.

"Se gëtt lues a lues besser, och an deenen nächste Joren. Dat heescht, mir wäerten net méi zeréckkommen op eng Croissance vun dräi Prozent, wéi mir dat laang gewinnt waren an der Vergaangenheet, mee mir ginn awer zumindest mol erëm an d'Richtung vun zwee Prozent an deenen nächsten zwee, dräi Joren."

Et wier zu kenger Eskalatioun am Handelskrich komm, esou dem Tom Haas, an dovir ass de Worst-case-Zenario ausbliwwen.

Keen Ausnameschüler méi, mee "een normaalt Land"

Datt et der Weltwirtschaft net esou schlecht géif goe wéi gefaart, dat hätt och positiv Repercussiounen op déi Lëtzebuerger Wirtschaft. 

Mat dësen Zuele géif sech Lëtzebuerg deemno ëmmer méi un den europäesche Schnëtt upassen, erkläert nach den Tom Haas.

"Mir hunn awer an deene leschte Joren ëmmer erëm festgestallt an Etüden, datt déi Lëtzebuerger Wirtschaft awer lues a lues erëm méi normal gëtt. Dat heescht, mir orientéieren eis ëmmer méi mëttelfristeg, laangfristeg op Wuesstemszuelen, souwéi mir se an den europäesche Länner kennen."

Et géing ee sech laangfristeg gesinn net méi zu engem Ausnameschüler, mee "éischter zu enger normaler Wirtschaft" entwéckelen..

Nächst Indextranche eventuell am 3. Trimester 2026

E Plus vun engem Prozent vum PIB gesäit de STATEC dann och fir dëst Joer. Fir 2026 gëtt mat engem Plus vun 1,7 Prozent gerechent a fir 2027 mat engem Plus vun 2,1 Prozent. 

Parallel géif den Aarbechtsmaart nees unzéien an d‘Inflatioun wier ënner Kontroll, ënner anerem wéinst den Energiebäihëllefen. Mat der nächster Indextranche rechent de STATEC fir dat drëtt Trimester 2026.

Méi kritesch gesäit de STATEC d‘Evolutioun vun de Staatsfinanzen. D‘Pensiounsreform géif d‘Sozialkeesen zwar entlaaschten, aner Depensen am Beräich Soziales an virun allem Defense géifen dee Solde awer bis 2027 op minus 1 Prozent vum PIB uwuesse loossen

play_arrow Lauschteren