De PIB huet am 1. Trimester zu Lëtzebuerg stagnéiert, an der Eurozon ass en ëm 0,2 Prozent zeréckgaangen.
D‘Situatioun wier awer net sou negativ wéi se op den éischte Bléck schéngt, esou de Statec: Den Aktivitéitstaux ass nämlech weider eropgaangen an d‘Inflatioun wier duerch d‘Mesuren, déi an der Tripartite decidéiert goufen, gebremst ginn.
An de leschte Previsioune war nach vun enger Inflatioun vun 2,5 Prozent dëst Joer virausgesot ginn, déi gouf elo no ënne revidéiert. Elo geet de Statec nach just vun enger Inflatioun vun 2,3 Prozent aus.
2.800 Salarié(e)ë manner am Chômage partiel
Fir de Juli hunn 51 Entreprisen eng Demande gemaach fir kuerz kënnen ze schaffen. Dat sinn der 7 manner wéi nach de Mount virdrun, wéi de Wirtschaftsministère matdeelt. De Konjunkturcomité, deen de Moien zesumme war, huet 48 vun den Demande guttgeheescht.
Am Ganze sinn iwwer 1.900 Salarié(e)ë betraff, déi vum nächste Mount un am Chômage partiel sinn. Dat sinn der ronn 2.800 manner, wéi nach am Juni.