Onkloer bleift weiderhin, wéi déi warscheinlech zukünfteg schwaarz-rout Regierungskoalitioun zu enger Erhéijung vum Mindestloun an enger Baisse vun der Akommessteier steet. Déi Punkte kéinten eng Roll beim Vott vun den SPD-Parteimembere spillen.
Kloer ass dogéint elo schonn, datt et bei der sozialdemokratescher Jugendorganisatioun, de Jusoe vill Kritik um Koalitiounsaccord gëtt. No enger Rei vu Landesverbänn huet elo och de Juso-President Philipp Türmer erkläert, datt een den Accord net kéint matstëmmen, och wa keng Campagne géint déi zukünfteg Koalitioun geplangt wier, wéi dat 2017 nach de Fall war. Besonnesch e puer Punkte gesäit d'SPD-Jugendorganisatioun als problematesch un.
Op zentralen Theeme wéi Asyl an Aarbecht a Soziales géif de Koalitiounsvertrag "de falsche Wee" goen. Op anere Punkte wéi Steieren a Finanzen hätt en net genuch Ambitioun.
"Dieser Finanzierungsvorbehalt ist ne tickende Zeitbombe, deshalb müssen wir sagen: Unser Votum lautet Ablehnung, für die Zustimmung der Jusos bräuchte es deutliche Nachbesserung."
D'Jusos an Däitschland zielen eng 70.000 Memberen, si stinn domadder fir e Fënneftel vun allen SPD-Memberen.
Eng 350.000 SPD-Membere kënne vu muer Dënschdeg un a bis Enn vum Mount ofstëmmen.