Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ SNHBM: Vun 2026 u solle 400 Wunnenge pro Joer gebaut ginn

Logement

SNHBM: Vun 2026 u solle 400 Wunnenge pro Joer gebaut ginn

An Zukunft wëllt d’SNHBM méi Logementer fir d’Locatioun bauen. Aktuell stinn nämlech 4.000 Leit op der Waardelëscht. Dat sinn der 1.700 méi ewéi nach 2022. Dat geet aus dem Rapport 2023 vun der SNHM ervir.

auto_stories

1 min

Logementsprojet um Kierchbierg | © STDM architectes urbanistes
Foto: STDM architectes urbanistes

Markant war d’lescht Joer, datt eng Rei vun de Wunnengen, déi an d’Vente gaange sinn, net verkaf goufen, wëll d’Stéit keng Prêten accordéiert kruten.

An Tëschenzäit goufen déi verkaf nodeems de Logementsministère de Plaffong vum Akommes fir esou eng Wunneng ze kafen an d’Luucht gesat huet.

951 Wunnenge waren um Enn vum Joer am Bau. Geplangt si weider gréisser Projete mat 1.600 Unitéiten um Kierchbierg, zu Bouneweg, zu Märel, Miersch, Elmen an Dikrech. Zu Esch an den Nonnewisen ass zum Beispill ee Projet mat 23 Haiser geplangt.

D’Zil vun der SNHBM ass et, vun 2026 un de Bau vu 400 Wunnenge pro Joer ze lancéieren. Aktuell sti queesch duerch d'Land eng 114 Wunnengen am Verkaf.

Datt d’SNHBM zejoert een Defizit vu 5,4 Milliounen hat, hätt dermat ze dinn, datt ee manner Wunnenge verkaf huet ewéi virgesinn. Mee déi finanziell Situatioun vun der Gesellschaft wier ganz gesond, esou den Direkter vun der SNHBM, de Guy Entringer.