arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ SAMU och vun Urgentiste besetzen? D'Anästhesiste wiere sech

CGDIS

|
headphones

1 min

SAMU och vun Urgentiste besetzen? D'Anästhesiste wiere sech

An engem gemeinsame Bréif deen eis virläit, wiere sech d'Médecins anesthésiste-réanimateur aus de véier grousse Spideeler dogéint, datt de CGDIS d’SAMU-Besetzung ännert.

headphones

1 min

D'Anästhesisten aus dem HRS, dem CHL, dem CHEM an den CHdN riichte sech un d’Spidolsfederatioun FHL fir hir Suergen iwwer méiglech Ännerungen auszedrécken. 

Zënter Joerzéngten ass de SAMU duerch e Binom mat engem Dokter anesthésiste an engem Infirmier anesthésiste besat. Enn Oktober war public ginn, datt de CGDIS géif envisagéieren d’Dieren och fir aner spezialiséiert Dokteren opzemaachen. Notamment well zwee Urgentiste sech ëffentlech dofir agesat haten.

De Verwaltungsrot vum CGDIS huet bei de Conseil-superieurë vun de Beruffsgruppen Avisen ugefrot. Déi musse bis spéitstens de 15. Dezember agereecht ginn. Bis ewell wollte sech d’Spideeler aus där Diskussioun eraushalen.